Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Verfassung op Ais ge

 
Verfassung op Ais ge
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.01.2006
  • Gekuckt:
    25127
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/80
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    125 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x540
  • Späicherplaz:
    128 KB
  • Originaldatum:
    11.01.2006
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Just for fun »» Witzech Fotoen  
Extras:
- RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=2719]
Kommentar vum Fotograf:
En bessen méi aalt Pechbild, daat ech op engem Baam entdeckt hun.
Johny 12.01.2006 - 00:49
Also ech hun Nee ugekräizt bigsmile. Wësst der dass se do bessen hannerhältech waren? Den Ziedel war jo riesen grouss, mat dann 2 Casen. jo stung riets an Nee lénks. jiddreen dem et egal war, den einfach just wollt eppes ukräizen, den huet Jo ugekräizt well wuel déi allermeescht Rietshänner sin. Wu ech daat gesoot kruut hun ech geduet, freck, daat ass guer nët su falsch.
dengens 12.01.2006 - 00:50
Ha dei gefällt mer saugudd weint dem pechbild super
yoshi 12.01.2006 - 00:54
@Johny: Lo wous de et sees closed_eye Mee sin och net drop ragefall :P

Merci dir 2. War do zoufälleg mam Autolaanschtgefuer an hun mer d'Beem ugekuckt an do blénkt su eppes bloes smile Hun daat déck witzeg fonnt smile
dengens 12.01.2006 - 00:56
@Johny taatsaach eng iwwerleeung fir leit ranzeleen sin lenkshänner....smile
klex 12.01.2006 - 01:17
Gefällt mer och gudd smile zu ménge politeschen usiichten äusseren ech mech awer lo net, mee daat waat de Johny gesoot huet ass awa ganz intressant ze wessen! Waat mess du em des auerzäit nach um Computer? bigsmile
yoshi
RAW Fotoen bearbechten, ass jo souvil Arbecht an iergendwann muss een et jo maan closed_eye
LuxRescue 12.01.2006 - 13:36
Johny Neierdengs maan se et sou dat dei ketten dei um bic as sou kuerz gemach get dat een net un den nee kent smile
redrum 12.01.2006 - 15:16
Lol Johny, also näischt géint dech, mee daat ass absolut lächerlech waats de do sees...

1. bezweiflen ech dass en Rietshänner éischter Tendenz huet riets ze "schreiwen" bzw. "unzekräizen", nemmen well daat am noosten bei sénger Hand läit... Also et gett jo liddereg Leit, mee dass een sou liddereg ass, fier seng Hand bewosst op der rietser Säit unkräizen ze loossen, ass zimlech onwahrscheinlech...

2. firwaat sollt een, deem et egal ass, eischter jo ukräizen wéi nee? Wann ech sou d'Leit schwätzen héieren hun, dann kräizen se suguer nach éischter nee hun well se net wessen waat an der Constitutioun steet...

Sorry mee fier mech kléngt däin Kommentar bessen sou à la "Peh mir vun verluer an nemmen well den Ziedel falsch war..."

Ass wi gesoot näischt geint dech an deng politesch Usiichten, mee sou kennt et fir mech zumindest riwer...
redrum 12.01.2006 - 15:17
Dovun oofgesin ass d'Foto awer witzeg, virun allem däin Titel gefällt mer gudd.
Johny 12.01.2006 - 15:31
Komeshc just dass d'Leit mer hei Recht gin just du nët smile. Natirlech mëcht een daat onbewosst, et ass net sou dass een denkt "oh kräizen ech mol jo un well et mei noo ass", mee einfach nemmen eppes wei e reflex, waat eigentlech ganz normal ass.
joellchen 12.01.2006 - 15:37
lol den titel passt mega dozou smile
yoshi 12.01.2006 - 17:05
Merci redrum an joellchen smile
Sylvia 12.01.2006 - 17:16
Titel an d'Foto passen immens zesummen ! An Yoshi...gudd gesinn...mir gefällt se
alzen 12.01.2006 - 19:54
Zur Foto:
ass wirklech net schlechtsmile den Titel an d'Bild passen perfekt.

@Johny:
fannen dein Kommentar éierlech gesoot och liicht onpassend....an ech gin dem redrum Recht.
Besonneg däin 2. Kommentar (Komeshc just dass d'Leit mer hei Recht gin just du nët smile) fannen ech ziemlech na ja....
Et hun garanteiert keng 56% fier Jo gestemmt, just well se ze faul waren...
rhconcept 12.01.2006 - 21:00
ké Kommentar zum Inhalt op jo oder nén, ma e Bravo fir d'Kompositioun, d'Idee an d'Realisatioun vun der Foto.
yoshi 12.01.2006 - 21:21
En groussen Merci och un ierch 3.
Wollt awer na vu mir perséinlech en klengen Kommentar schreiwen: Ech fannen d'Foto selwer usech net sou gudd, mee wéi der schon viller gemengt hun, dass se éichter duerch den Numm gudd gett.
Meng Fro: Fannt der Foto och gudd?
Johny 12.01.2006 - 22:17
alzen also et ass awer scho lusch wann vill Leit soen 'jo do hues de nawell recht', an da kennt een an stellt daat ganzt als lächerlech duer, fannen ech bessen iwerdriwen an feel op der Plaatz. dass een selwer daat net sou mengt dass daat kinnt eng roll spillen kann een normal äusdrécken an nët sou wéiwann daat eng kappkrank Idee war.
Ech soot och nie dass dei 56% nemmen dofir jo sooten, mee Leit dei sou saachen soen sin sech der Situatioun net bewosst.

D'Foto selwer ass technësch ganz gudd menger Meenung noo, näicht äuszesetzen, vum Motiv hier ass Affaire de gout, mee mir gefällt op jiddefall déi staark bloo Faarf eben an dem ganzen.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 605 Gäscht online