Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Challeng Tageblatt

 
Challeng Tageblatt
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    08.05.2008
  • Gekuckt:
    34426
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/1250
  • Blend:
    f/5
  • Brennwäit:
    70 mm
  • ISO:
    250
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    900x600
  • Späicherplaz:
    182 KB
  • Originaldatum:
    2008:05:04 15:11:14
  • Fotoapparat:
    Canon EOS-1D Mark III
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Bewegung »» Sport  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=26969]
Kommentar vum Fotograf:
Jonk unfänken
gloda 08.05.2008 - 23:37
Wiers de d'Gewulls am Hannergrond lassgin vun engem nidderegen Point de Vue aus? Also an den Himmel geknipst, mam Blëtz als Fill, an am Wäitwénkel.
sseimen 09.05.2008 - 10:19
ech verstinn zwar nett waat de Kommentar virdrun heescht (an den Hmmel knipsen, matt Blët, asw.), mee fannen datt et eng gudd gelongen Opnaahm ass, eng gudd Studie fir d'Technik fir den Athlet (d'Athletinn).

P.s. Kann et nett sin datt d'Foto am Tageblatt woar ??
STARCLIPPER 09.05.2008 - 12:07
Ech verstin dén Com. och nett.Jo Foto Waar am Tageblatt
Naturknipser 09.05.2008 - 14:08
Sorry wann ech dat hei sou muss soen - mee zemools bei der Liichtathletik wou een andauernd hin an hier muss laafen fir vun all Disziplin e puer Fotoen fir d'Redaktioun ze hun kann een net emmer op de Bildopbau obpassen. bei aaneren Sportarten ass dat (heiansdo) eppes aanescht.
Et ass och eppes aanescht ob een herno muss eng ganz Serie Biller fir d'Redaktioun hun oder ob een de ganzen Dag Zait huet fir herno déi eng oder aaner Foto ze hun.
Ech fannen des Foto ganz gut, dat eenzegt wat ech aanescht gemaach haett - ech haet d'Blend e besse méi opgemaach da waer den Hannergrond e besse méi verschwommen, mee soss fannen ech se wirklech gut.
Eng Propose fir Jiddereen dee mengt et besser ze kënnen - probéiert mol eng kéier e Weekend laang op 4,5 oder 6 Evenementer hin an hier ze reesen, bis spéitstens 2-3 Stonnen duerno d'Fotoen an der Redaktioun ze hun - dir waert erstaunt sin ;o)
gloda 09.05.2008 - 14:21
Pardon, ech wosst net dass een bei Liichtatletiksfotoen keng konstruktiv Kritik soll schreiwen.
Naturknipser 09.05.2008 - 23:52
Natiirlech daerf een dat - mee et kann een esou eng Saach och positiv ugoen... ZB, wat ech perséinlech bei deser Foto perfekt fannen ass d'Kiirperspannung an d'Haltung vum Kand - a méngen Aan ass et genee de richtegen Moment. D'Foto ass scharf. Sou da kann een zB mol soen ech fannen d'Foto gut. Duerno kann e kuken wat villaicht nach kéinte besser machen - et ass eben déi Saach mam Glas dat hallef voll oder hallef eidel ass ;o)
Mee wéi gesoot, ech fannen et gut dass de deng Meenung sees - mee wann ech déng Fotoen esou kuken - déi Technesch Tiptop sin (also net falsch verstoen) dann froen ech mech obs de schon eng kéier Sportsfotoen enner Zaitdrocck gemaach hues....
gloda 10.05.2008 - 01:18
Ech war alt der Meenung dass eng Suggestioun zu enger alternativer Approche d'Saach duerchaus positiv ugeet, och wann se d'Foto net direkt luewt. Wann en Kommentar nëmmen als positiv gëlt wann ech doran d'Foto luewen, dann as d'halschent vun den Kommentarer déi ech op Photogen schreiwen effektiv negativ. Ze soen dass déi heiten Foto mer gefällt wier gelunn. Dat géif kengem hëllefen. Trotzdem war ech der Meenung dass konstruktiv Kritik, mat enger Propose wéi et vläicht hätt kënnen besser gin, respektiv wéi een et déi nächst Kéier kann probéieren, dem Starclipper méi géif hëllefen wéi nëmmen Luew.
Vu dass ech mech am alleréischten Kommentar eventuell zevill kryptesch geschwat hun, hei nach emol d'Erklärung vun ménger Iddi: Wann d'Foto vun engem méi niddregen Point de Vue geholl gin wier, wier den Hannergrond erofgerutscht an den Himmel amplatz komm. Vu dass den Himmel warscheinlech méi hell gewiercht wier wéi den Jong, wier en Blëtz (hei am Canon High-Speed Modus) zum Asatz komm fir d'Schieter opzehellen.
Wat déi läscht Remark ugeet, Naturknipser: Kommentarer an Kritiken, egal vun weem se kommen, sollten an méngen Aan net dono bewärt sollten gin wéivill Erfahrung den Kommentator selwer an dem Beräich huet an deen d'Foto fällt. Wann ech dann elo den schlechsten Sportsfotograf op der Welt wier, wier méng Propose dann manner wärt? Wann et awer dorun hänken soll dass de méng Suggestiounen eecht hëlls, invitéieren ech dech méng Fotoen vum Varsity ze kucken, wou Zäitdrock keng kleng Roll gespillt huet. Weider weess ech och wat et heescht bis 4 Auer Fotoen ze maachen an se um 5 Auer an der Redaktioun ze hun.
Naturknipser 10.05.2008 - 10:08
Majo dann...
Du hues bestemmt Recht - ech bis elo emmer eraus fonnt dass vill Leit et besser wëssen, awer ganz wéineg Leit et besser kënnen, mee dat ass eng aaner Geschicht. Ech gin emmer positiv un eng Kritik erun mee dat ka jo jiddereen machen wéi en well.
Erënnert mech iwwregens drun virwaat ech sou laang net méi hei aktiv war resp. sin...

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 508 Gäscht online