ehehe, wei krank mussen se dann sin?
emmerhin kann ech lo soen: HA!! et ass awa keen gebeess
ass net su eimfach realistecht blut ze bastelen... hu laang probeiert an daat ass daat bescht waat ech hikruut... mee geif soen et ass haaptsächlech dei riets straif nierft der nues? mengen daat geif ech na hikreien dass dei nemmi su no gebees ausgesait... oder mengs de all blut gesait net gudd aus?
ausserdem fannene ch dass de mond relativ gelangweilt as.. entweder giff ech en déck ugestrengt man, also dass ech 't péng spieren.. ODER eben doud... oder erschöft... an dann net nemme bludd, mee och tréinen (!!!)
ps: hues du komplexer oder sou?? oder WAAT as DAAT rem vir ee projet?
dain "à la vite" ass mer dann zwar bessi ze blostecheg mee okay verstin an weieng richtung. kucken waat sech mmaachen leist.
hm mam mond kann ech op dei schnelle lo net fill änneren, hun zwar na fotoen wou besis su sin wei wann et richteg wei deet, mee gesait komech aus oder gesait een nemmi richteg dass drot am mond as. ass bessi domm...
komplexer.. hm.. nee keng ahnung. misst iergentswei bessi mi extra saachen maan fir an meng mapp an iergentwann ass mer su eppes an den kapp komm. hat na puer aner ideen, dei ech awa net emgesat hun, fir eng selbstportrait serie.. mee jo kennt flaicht na eng aner keier
Wat dem Marc säin Kommentar zu den Faarwen ugeet, probéier mol am Channel Mixer ze spillen. Den gréngen Channel kéint der gefalen fir Portrait'en an dësem Styl. Dann kéint e bëssen Dodge & Burn um Hals, an un den Linnen déi dat Baussegt vum Mond mam Baussegten vun der Nues verbannen nach Wonner wierken.
Ausgefaalen Mappen sin cool.
Ech fannen deng Iddi rau, mee dei eng Straif "Bludd" riets niewt der Nues gesait definitiv mat am onrealisteschsten (puh!) aus. Di aaner keinten nach duerchgin
Sai Mond gesait mer nach bessen zevill noo "Kuck Yoshi ech hun Droot am Mond" an net no "auua" aus ;D (du verstees mech schon) Wann se bessen mei noo Péng ausgesait, dann gett se rau!!!! (freck, wei krank klengt daat dann!! )
Fir den Gesichtsausdrock fannen ech passt dem annemie seng Formuléierung am beschten : 'zevill noo "Kuck Yoshi ech hun Droot am Mond" an net no "auua" aus'
Den Gesichtsausdrock misst e bëschen méi verkrampft sinn !
Fir d'Blut muss du nach dann nach e bëschen un dengem Kachrezept schaffen
hm oofgesin vum gebees wei den maggele schon soot, muss d foto mei dreckeg gin
probeier mol mat engem 2. layer brongt lieder (Daitsch: Leder) iwwert d haut ze leen oder soueppes an am ganzen mei donkel ze machen
Och wann dat net den Genre Foto ass op deen ech onbedingt stinn, ech fannen déi Iddi an och Réalisation Genial, et sin ewéi schon gesot gin as bestemmt nach Sachen ze verbesseren, ech kann der do leider keen Tipp gin, ech kennt et net besser.
majo ech well ierch alleguerten en groussen merci soen fir är total hellefraich kommentarer, ech hätt daat net erwaard! MERCI
lueden eng nei versioun och lo rop
dierf ech nach just eppes klenges bemierken? ...
majoooo ... déi kleng metallen Bull lénks um Droot ... ech muss ëmmer erëm drop kucken an sichen waat ët ass ... grrrrrrrrmmmllll
hehe gudd gesin, dei ass bei der neier versioun schon wech war bessi seier geschitt oder war midd, wees nemmi.. ass en rescht fun dem droht , hun den missten e bessi rofsetzen, well en soss net mat deem am mond gepasst hätt :P wanns de na eng keier dohi kucks mierks de och dass d'hoer och vergiess gin sin unzepassen
awer pssst...