tja, daat stëmmt, mä dofier breicht een eng mega schnell Zait, gutt Wieder an eng immens liichtstark Lëns. Dobä as daat hei schons 2.8. Flait nach en heigen Iso, mä dan hun mer Kär.
200 hiegen ISO? Mat der D200 kann een dach bis 1600 goen. Ok et huet een dann gär rauschen. Ech hätt mat 400 oder 800 probéiert.
Mee ech wees wei et ass. Et een den ISO nie schnell genuch agestallt bei Déier opnahmen. Ech zum mindest hun meng EOS 20D emmer um falschen ISO stoen wann et muss schnell goen
Sin zwar net de mogway, mee bon, probéiren awer mol mäi bäscht...
Wanns de den iso verduebels, da kriss de bei gläicher blend eng duebel sou schnell zäit, an daat ganz funktionnéiert andeems een de bäschte kompromess teschent Zäit, Blend an iso fennt.
Di saachen hänken all zesummen... du kriss däi bild em 1 EV méi hell wannns de Blend eng stuf opmess oder zäit verdebels oder der iso verduebels...awer just 1 fun deenen 3 matdeneen, soss ännert rem alles...
schued, ëm déi cool opnahm! mee sou spillt 't liewen! et ass genee wéis de sees focus: "spillen a léieren!"
mee bei déieren kann ee gaaaanz laaang spillen, an och gaaanz viiill léieren. mee wanns se net wëllen, da wëllen se net! giffen se nëmmen do sëtzen, da wier et "another bird picture"
dofir: cool fote, an gudd, dass de so gepost hues!
by tha way: du hues eng cool optik! kanns de mer déi engkéier weisen?