Sou ellen wei d'Staadt as, sou schéin sin heiansdo d'Sonnenennergäng iwwert dem Mier. Besonneg wann dann nach di Dausenden Staren ennert den Pier fir ze schloofe fléinen an een en Wanderfallek beim Joen kann gesin.
Du schreiws dass d'Stied sou ellen wiren, an d'Sonnen-ënnergäng sou schéin. Den Ënnerscheed ass awer dass eng Stad dausenden vun immens interessante Motiver bidd, matt äussergewéinlechen Ideen an Perspektiven, just gesi muss ee se. A Sonnen-ënnergäng ... sin an 99% vun de Fäll emmer tselwecht. Den een oder aneren seet lo vläicht, e Sonnen-ënnergang ass mei romantesch mee fotografesch gesinn ass e Sonnen-ënnergang éischter oninteressant, zemols verglach matt eppes wéi enger Stad.
//Update: Ech well nach bäifügen dass mäi Kommentar reng op dei fotografesch Vue vun denen zwee Motiver bezunn ass
Also ech fannen Sonnenënnergäng zwar duerchaus interessant, an sin och éichter do ze fannen wou een den Horizont geseit wéi an der Stadt wou lauter Maueren rondrem sin.
Mee hei bei der Foto muss ech de Johny Recht gin, un der Foto ass eigentlech lo naischt waat d'Foto situéiert, oder ierjendwéi eppes méi bidd wéi just en klasseschen "wow, kuck wéi roud d'Sonn ass" Moment. Waat lo net heeschen well dass d'Foto schlecht ass, mee dass déi do Sonn an deen do Himmel méi Potenzial huet. Vlait en Boot als Silhouette? En Spazéiergänger? En Pier? Bléck iwert Masten hinaus? etc.
Pier mat de Villercher kennt no. A propos dem Johny sein Kommentar, hues natierlech recht dobei, wann lo rem mei hei lass as kommen e puer Fotoen vun der Stadt no. Dat gesot, ech sin eigentlech entypeschen Naturfotograf deen léiwer sein Sonnenennergang knipst wéi eppes Architektonesches. Mee wi gesoot, ech brengen och e puer Biller vun der Stadt. Iergendwann
ech muss soen dass ech mech an der stad méi wuelville wéi hei (also hei um bild, mäer si jo grad all iergendwéi hei dran ;D )
wann ech mech awer engkéier bis un 't rouh gewinnt hätt giff ech et fläit och schéi fannen
emplus léist mech déng foto -sou simpel wéi se och as- e besi verstoen wéis de dat wat am text steet mengs.