ech hun elo nët vill Zäit (muss fort) ...
mee du kanns bestëmmt schon selwer erausfannen waat nët stëmmt ... ...
cf Comments bei der 1. Foto (direkten Blëtz, Kontrast Plättercher/Hannergrond, wéi an eng Rumm gepresst ...)
probéier hei fir d' "Esthetik" vum Bild, d'Foto oofzeschneiden bis, dass een keng Plättercher méi gesäit ... probéier um Schierm matt engem Blaat ... dann gesäis du schon op deem Niveau een groussen Ënnerscheed ... gell? ... )
sou ... elo un déi aaner ... byebye, ech muss fort ... ))
ok
mengen dann brauch ech och keng vun deenen aaneren mei drop ze setzen :(
Do as zwar nach verschiddenes, mee wert awer iwerall den selweschten Problem sin.
Mee wann ech bei der Foto hei, bis Plättercher fort man, geseit een Been jo nemi
ma dann hun ech nexte Keier vill ze schaffen, fir besser Fotoen hinzekreien:S Mol kuken ob ech daat iwerhaabt kann
hmm jo denken d'as well alles gesoot, wei eben Hannergrond, Ennergrond an sou... bein d'Pos as och net grad dei gesondheetleschst hehe. Ech kennen d'Lynn vun gesin, an et as een ganz scheint Meedchen, hat kannste nach ganz aanescht an Szen setzen
Hehe jo war just eben schweier, well weder hat nach ech soueps bis lo gemach haten. Mir haten keen Studio, keng Luchten an alles sou...war lo einfach an engem Keller mat normaler Luut gemach. An iegentwei konnt ech mein Bletz net an dei Richtung dreinen wei ech et wollt... :S
Muss nexte Keier mat him kuken fir puer aaner Posen an alles ze fannen Sin nach Anfänger an Saachen Portrait an Studiofotoen
Ma ech kennen dech och vun gesin, wees zwar net vun wou, mee du kenns mir bekannt fir ;)
Merci fir dein Kommentar
Ech setzen zwar nach eng aaner online muer, geif mech och do freen iwert deng Kritik
Maja, grad als Ufänger ass et gudd Fotoen heihinnerzestellen an Kritiken ze kreien dei dech (hoffentlech) weiderbrengen!
An hei um Site fennste och mega Porträt- an Studiofotoen, du solls se net kopeieren, mee der se ukucken, vlait helleft et dir eppes! Also Porträten kucken ech emmer ganz gäeren vum Chillersbike an vum klex, mee den Maggele an den Gary hunn och mega Fotoen...an iwwerhaapt ech vergeesen hei nach Tonne Fotografen dei et derwäert wieren gelueft ze ginn
et kann nemme besser ginn, also fuer duer http://www.strobist.blogspot.com/ ass eng Sait wou iwwert Bletzer an sou Geschier geschwaat gett, hmm an jo wei wier dann einfach mat engem Shooting dobaussen? Da keinste dech um Ufank villeicht mei emt de Cadrage kemmeren, wei emt Luucht
Merci fir dein Kommentar. Ech wert ma vill Fotoen ukuken goen...sin well puer Deeg amgang iwerall bessi lussen ze goen...
Ideen hun ech souwisou as just mei Emsetzung dei mei schweier as
Maja daat mam Shooting dobaussen wert ech mer verhaalen, wann eng Keier bessert Wieder as. Mee do muss ech dach och oppassen dass net zevill Sonn drop schengt oder net?
Villmols merci
Ech giff eischter soen, et wier mei schweier den Hannergrond mam Model harmonesch ze gestalten Haut wäer gudd Wieder an ech wäer mat puer Kollegen raus, ech haat amfong keng Schwieregkeeten mat zevill Sonn...einfach d'Sonneblend drop an du bass jo dobaussen, d.h. du kanns dein Model an all Richtungen dreinen
he? weini war gudd wieder? An weienger Geigend wunns du?
Bei eis war nix mam Wieder unzefänken...gro an niweleg... :S
Mengen do hett ech net vill keinten man :S
Ech fannen schon nach gudd Wieder...an dann muss Modell jo och nach Zeit hun
Wannste mei zu der Stadt hin gefuer bass waat den Himmel emmer mei bloo gouf. Ech war geschter op Iechternach gefuer, do war nix, vlait bessen Sonn zu Bettendurf gro an niwwel Ettelbreck och mais an der Stadt beim CHL bloen Himmel, Consduerf och an sou war immens!
Wow daat wusst ech net
Wel hei war et wieklech krass :( su mieselaune Wetter ;)
Haut as hei gudd Wieder...mee wei gesot dann misst een Model nach parat hun mee daat haust am Moment net am Land Oh mol kuken...well geif ma secher Spass man, lo bessi ze kniwelen
Wou wunns du dann? Dann wert et hei am Lach geleen hun odr wei, ech wees net...sin zwescht Reisduerf an Bettenduerf hin an hier gefuer gewiescht do war et wieklech gruscheleg.
Ech hun mer deng Gallerie ugekuckt, do sin puer cool Saachen dobai!
...dann wäerts de jo elo net no engem Shooting an 2 ropgeluedenen Fotoen den Beraich Portrait opginn, papperlapapp Ech sin gespaant op dei nächst wous de brengs
(ech soen lo net vill derzou well amfong schon alles gesot as......)
chuey.
Hey,
Villmols merci fir deng Motivatioun Geif mech interesseieren weieng vun mengen Fotoen da dann gefällt?
Nee wert net obgin, probeieren et firun ze man, an et besser ze man
Vir mech kennt dei Pose bessi riwwer wei wann et ganz dringend op Toilette misst... :0) nee mee seou en scheint Meedchen kennt awer bestemmt bei aneren Posen mei schein riwwer...
wei schon ugemierkt, probeier ët vir deicht do baussen,
as jo scheint Wieder......... Sonn iwwer alles,
do brauchs du kéen Studio an leiers och direkt ,
mat Luucht an Schiet ze experimenteieren !!
Also ech fannen seng Pose cool! Di huet eppes su ''net standart'' méisseges
Fannen d'gif awer na besse besser passen wann d'Lynn gif lachen, wees awer net? wat mengsdu?
hudd der keng soueng gemat?
Sain outfilt ass och flott.
Flait kins de d'Foto o na bessen mi hell maan? dat gif na mi fröhlech wirken
Wow villmols merci fir dei Positiv Kritik Du bas deen eischten
Ech fannen seng Pose neemlech och flott, dofir hat ech se online gesat...mee hun dun geduecht well daat meng eischt Fotoen sin vun engem Shooting, dass datt ech daat falsch gemengt hun...
Nee eng wu et lacht haten ma leider net gemach.
Ok mam ophellen probeieren ech dann mol...awer nemi haut
Seriö? Souvill Leit hun grad gemengt Pose wier guer net gudd... Fleicht well se net su typesch riicht as, wees et net...
Daat war mein eischten Versuch fir soueen Shooting
Jo mat der Location as net sou einfach... Do hun ech nach emmer bessen meng Problemer eppes flottes ze fannen...
Ech setzen geschwenn nach 2 Fotoen rop vun engem Shoot... Geif mech freen do och eppes vun dir ze heieren