Zu Baden-Baden um Oldtimer Meeting geholl gin. Hun an engem Bildbearbeschtungsprogramm ronderem e bëssi flou a schwaarz-wäiss gemaach a just d'Mëtt vum Rad faarweg gelooss.
Mir gefällt se sou am beschten :-)
Ass der gutt gelongen.
Am Géigendeel zu denge Jaguarsfotoën wou's te Détailler weis déi vlaicht Autosfreaken interesseieren awer vum Fotografeschen hier nët interessant sinn, brengst' ët hei färdeg duerch d'Farwen de Bléck gezielt op d'Rad ze lenken, an dat ronderem kritt duerch de Flou och ée speziellen touch.
Eventuell hess de nët grad esou engk misse kadréiren, an d'Profill vum Rad nët grat esou blazëch gro missen loossen, mée dat ass erem wéi ëmmer affaire de goût =
Schéin Foto. Fannen daat och flott, datt d'Felsch farweg as, an de Recht schwarz-weiss. D'Holz stëcht gudd eraus, an zitt de Bléck direkt dorober. Och de Flou mëcht d' Bild sou schéin draamhaft.
Ech fannen jhust datt d'Bild e bëssen blatzeg as. Du häss villeicht de Kontrast eng Grëtz erop setzen kënnen ... as meng perséinlech Meenung.
Déi Photo hei ass, wéi verschidden anerer déi ech online gesat hun, zu Baden-Baden um Oldtimer Meeting geholl gin wou nawell zimlech vill Leit ënnerwee waren. D'Autoen stin do dobaussen, a meeschtens sou schréi en Trottoir erop, oder hallef an der Wiss, an zimlech eng beieneen. Dofir war ët immens schwéier iwerhaapt eng gudd Photo hinzekréien wou nët nach Saachen dropsin déi iergendwéi stéieren.
Fir de Rescht awer merci fir är Verbesserungsvirschléi asw. Ech probéieren sou munches dovun emzesetzen a méngen zukünftege Photoen.