Hui, wat engt flott Eisgebilde… Jo, d'Natur mecht dach nach emmer dei scheinste Konscht, respektiv hei de Fotograf, deen d'Konscht festhält. Ass wierklech gelong dei Foto! Flott Faarwen an e gudde schärfteverlaaf!
gefällt mir ganz gudd, flott faarwen-téin. ouni rumm géing däin haapsujet vielleicht nach besser zur geltung kommen -> mee daat as och affaire de goût...
interessant as och daat äis am hannergrond, gesäit aus, wéi en zesummekekniwwelt stéck alufolie
Déi ass Top. T'Ais gefàllt mer bei der heiten vun der form nach vill besser wéi déi aller Eischt déis du vun der Platz ropgelueden hues. Ech hoffen et huet geschmaach , sorry muss bei Fotoen vun der Platz emmer drun denken
Ech fannen di Foto hei immens. Daat Steck Eis as esu gestachen scharf an hiewt sech gut oof vum Hannergrond. Ech fannen et steiert och guer net dats de et sou zentreiert hues. Just eng kleng Kritik hun ech Vir deen klengen Steen steiert su no um Rand, mee wi gesoot daat as nemen eng winzeg Umierkung niewenbei