Keen Kommentar...Well wessen wei dir dei heiten Foto fannt. Geholl as se zu Höfn an Island...Do gin et Islänner dei kennen den Scotts Pub am Gronn an wessen och wou Gonnereng lait ;)
also ouni dei bierger do am hannergrond wier se jo schon zimlech interessant, awer mat...wow...ech hätt se zwar och gäeren mat en bessen mei steng an en bessen manner graas gesin (also e puer schratt mei weit no lenks)...ahjo normalerweis sin ech keen fan vun rummen, awer hei passt se nawell
schéinen Ausschnëtt! Faarwe gutt opgepäpelt,
dee liichten Donst am HG gëtt der Foto - fannen ech emol - méi Déift,
wat fir ee Gletscher ass dat am HG?
Merci Jean-Jos...den Gletscher am Hannergrond as den Vatnajökull...4 mol sou grouss wei Letzebuerg, zweetgreissten Gletscher vun Europa vun der Fläch hier...schued dass ech net nach bis dohinner komm sin...
Aaah endlech, hun dei Foto sou gaer. Fannen daat schein mat dem Gletscher am Hannergrond, an dei Kombinatioun vun Steng an Graas am virdergrond. Hehe jo wann t´Madame net bei den Gletscher wollt...