cool location! 't pose as och gudd beim wäitwénkel. ech fannen et as gudd fir säi kierper. bis op séng been, déi gefale mer net.. dat hënnecht gesäit neemlech elo e bessi kuerz aus. schung passen och net, do wier buefouss fläit flott gewiecht. oder schwaarz schung.
bon, 't faarwen an de filtrage gefale mer immens gudd, do kann ee ji näischt soen. et ennersträicht 't location! super!
Fuarwen sin guud esou !
Schong sin net TOP (Buerfeis wär besser)
Weitwenkel as flott mee fir mei grous LAAAANg ze maan mee hei sin seng Been bessi kleng doduech
an Hand also Fangeren wirken bessi grous (dei um Daach)
VIVE dein neien Bletz
awer fannen ech eng interessant Bildkomposition WEIDER ESOU FREEN MECH SCHON DUDE
Ech fannen d'Pose och gutt mam Wäitwénkel, just fannen ech dass effektiv dass séng rets Hand an besonnesch den Fanger zevill grouss wierken!
D'Farwen grad wéi d'Location gefaalen mer awer och ganz gutt!
Ech wees och net waat mat de fuarwe lass ass, mee fannen se och net super.
Wäitwénkelportrait kennt emmer gudd mee hei ass e komesche wénkel, hand wiirkt immens grouss!
Schung, do gin ech dem Kwitchibo rescht...
Bei der Hand uwen hues de och eppes gekniwwelt?!?
Fannen d'Foto usech, bis op d'Hand an d'Schung, gudd, mee di kanns menger meenung nach méi draus raushuelen!
Merci fir d'Kommentarer. Dat mat den Schung war mer guer net opgefall, déi sin awer mëttlerweil schwaarz. Un der Hand hun ech un sech net gepiddelt, mee ech wärt se e bëssen méi kleng maachen.