Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

....

 
....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    03.01.2006
  • Gekuckt:
    20162
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/1.4
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    695x489
  • Späicherplaz:
    68 KB
  • Originaldatum:
    23.12.2005
  • Fotoapparat:
    Nikon D2H
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Männer / Jongen  
Extras:
Daat eenzegt waat am photoshop gemaat gin ass an d's/w sepia téinung, d'rumm an d'schreft...

Fir anzesetzen: [pg_img=2307]
Kommentar vum Fotograf:
Wollt mol eppes neies probéieren, och wann ech net vill vun su englesche sprech haalen, hu fonnt hei géif et iergentwéi gudd passen...
Géif mech wiirklech intresséiren waat aanerer sou dovunner haalen.
Waat d'foto ugeet, di ass am Zuch gemaat, owes spéit, d'szene wuar net graad immens belliicht, an deen op der Foto ass wi su oft, de Charel :)
Ech hun d'Spiggelung vun der Fenster geknipst, dowéinst och daat duebelt Bild wéinst der duebelverglaasung an dowéinst och di Luuchten am hannergrond...
Kleent 03.01.2006 - 13:10
et kennt net oft fir daat de charel sou eescht drakuckt tongue
desweideren fannen ech d foto flott... mol eppes aaneres smile
klex
Jo, de Charel ass voll de Réalist bigsmile deen dreemt och normalerweis net wéi do op der Foto, schon ongewinnten ubléck smile ... merci smile
Minaa 03.01.2006 - 13:11
wow oO
geseit bessen aus wéi eng Szene aus engem aalen schwaarz-weiss-Film, zumols nach wéinst der Rumm ... gefällt mer deck gudd!smile
klex
Merci smile jop, haat mech och dorunner erennert, sollt o na soueppes dabäischreiwen an d'Bild, mee daat hätt fläit zevill gestéiert...
Sircharles 03.01.2006 - 13:16
Mjao mier gefellt se och gudd smile Gin der och eng gudd vote weinst dem Motiv closed_eye as awer och sos schein , ganz aal , traureg , rischteg emotional smile
klex
Merci smile
zia 03.01.2006 - 13:25
D'Foto u sech fannen ech net schlecht, well se och s/w ass brengt se eppes eriwwer. Eenzeg Kritik, an daat muss ech elo soen smile, wann schon Englesch, dann richteg smile Thoughts kritt en "H" tescht dem "g" an dem "t" smile
klex
Neee bigsmile Echg kéint mech schloen!!! Dowéinst évitéiren ech och meechtens Englesch titelen bei méng Fotoen ze setzen, well da sou saache firkommen closed_eye Merci awer...
NoHa 03.01.2006 - 13:43
di rumm gefällt ma supa smile gif fmech intresseiren wi een dei mecht smile
mjo soss fannen ech d foto o immenz, wees sust net op ech den sproch soll gudd dra fannen oda net..
klex
Majo wanns de se bis engkéier hues da kanns de emmer rem deng Foto droppasten... a wanns de käng loscht hues der selwer eng ze maachen, géi der iergentwou eng klauen closed_eye
yoshi 03.01.2006 - 19:22
Mir gefällt se net su gudd. Et ass eng gudd Idee, mee un der Emsetzung fannen ech haapert et nach. Den Kapp ass jo duebel an fannen zB dass den 2. Kapp méi duerchsichteg misst sin, en fällt zevill op an sain rietst Aen ass soumat verdeckt.
D'Schreft fannen ech usech net schlecht, ausser dass den gudden Jong hei net schreiwen kann. closed_eye
An zu der Rumm, déi jo usech flott ass: Tescht der Rumm an der Foto selwer ass deelweis en hellen Rand, do häss de kennen méi fléissend an d'Rumm iwwergoen andeems de deen Rand ewech gema häss.
Déi 3 ganz onschaarf Punkten fannen ech flott awa lénks am Bild do ass na en Stéck hell, daat misst net onbedéngt do sin.
An den Charel kéint och bessi méi no riets (aus senger Siicht) kucken, also nemmen mat den Aen, net den Kapp dréinen. Daat géif seng Welt, an der en versonk ass, na e bessi méi wait ewech zauberen smile
klex
Merci fir de kommentar, bei verschiddenen Punkte gin ech der och rescht closed_eye Probéiren déi saachen dann ze änneren wann ech se nach engkéier iwwerschaffen, merci smile
Mati 03.01.2006 - 19:37
ech fannen dIdee gudd. dFoto ass och net schlecht , mee et rapt mech eierleg gesoot net em, mee dat ass eben nees affair de gout. also asech fannen ech se jo scho flott, mee deen zweete kapp steiert mech iergendwei schon zimmleg. . .
zu deenen drei punkten: fannen et awer flott dass ee mei hell ass wei dei zwee aaner, dat ass dann och net sou eintöneg, mee et ass wei scho gesoo villeit och ganz bessi ze vill.
dSchreft fannen ech och flott.
dRumm fannen ech och schein a passend, a mech steiert dat bessi helle rand net.
klex
Jo, hu besse probéier bis ech eng passend schreft fonnt hun... hu jo leider just nach eben dee blöde Fehler do net bemiirkt closed_eye Merci smile
joellchen 03.01.2006 - 19:52
ech duecht haet hei e kommentaar hi hemaa, mee as awer netmi do :S komesch ...
klex
Hmm, d'wär awa fein wanns de e nach engkéier géifs maan closed_eye hun e nemlech net geläscht....
joellchen 04.01.2006 - 21:28
ok faenke mer mol rem un...*ratter ratter*
ok...also ech hat och schon oft di idee eng foto am zuch z emaan, well daat eben eng cool atmosphäre as an io mat der spielung an der fenster...huet mech ofgelackelt, mee haat ni meng mettelen dobei closed_eye ( den aparat )
majo an dann haat ech halt na gesoot mat dem schreiffeeler do...uiuiui closed_eye
as cool am s/w smile gefält mer, se kennt su richteg aal erriwwer!
I like it ! smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 470 Gäscht online