As eng ganz schein Fot mee just den Horizont ass e bessi schief, waat mech awer net weider steiert. Hues de och eng wu d' Sonn net graad an der Mett ass? D' Andeelung mam 1 Drettel Mier an 2 Drettel Himmel ass och gelong.
ma genau op där doter plaatz stung ech na firun enger gudder woch. vum steg vis-à-vis vum leuchtturm
ironesch?
an effektiv hun ech d'foto och a brennwaiten vun 17 - 300mm gema, bei mir waren manner wolléken an awer nach een aneren fotograph deen extra sai kleng reisestativ opgeriicht an d'fotospoche drugehangen hat, dat war's jo net iren du?
Echt?? Daat ass jo ganz ironesch. Daat heiten war op der Sait vun Meloneras. Vum Leuchtturm hun ech der och e puer gemaach.
Also ech huelen doudsecher keen Reesstativ. Entweder main Manfrotto oder guer Keen :-P Ausserdeem brauch een Dach bei solchen Liichtverhälltnisser keen Statif .... pfff Amateurs
Am fong fannen ech se ganz gudd, ausser datt den Horizont schief as, waat jo eigentlech net misst sen an ech d'mier e bessi onschaarf a verschwomme fannen...well den himmel o net 100% Schaarf as wees ech lo net, waats de lo schaarf wolls stellen...
Soss muss een awer nach als pluspunkt soen datt et der gudd gelongen as d' Sonn sou anzefänken datt se net ze hell as.