Kommentar vum Fotograf:
Majo, nodeems déi deck Raupen mer elo e ganzen Koup Blieder vum Baam gefrupst hunn, hunn se elo och nach fir honngeregen Nowues gesuergt, deen sech dann och schons direkt un d'Grings gemaach huet.
Am Ufank hunn ech geduecht: "Wat ass dat do dann fir en Dreck op de Blieder", awer beim zweete Bleck hunn ech erkannt, datt déi kleng "Denger" do och Raupe waren.
Dat Steck uewe lenks ass eng vun deenen grousse Raupen. Déi Kleng sinn 2-3mm laang!
Well an deem do Beräich schons ganz gereng Mouvementer vum Blaat zum Wackele féieren, hunn ech missen mat ISO 1600 knippsen fir e bessi Speed drop ze kréien. D'Adapterreng vum Objectiv sinn wuel net esou gutt ...