Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

meng eicht....

 
meng eicht....
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.09.2007
  • Gekuckt:
    19272
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    16
  • Beliichtungszäit:
    1/80
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1300x835
  • Späicherplaz:
    214 KB
  • Originaldatum:
    2007:09:12 19:39:11
  • Fotoapparat:
    NIKON D200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=21930]
Kommentar vum Fotograf:
... an secher net meng lecht!

jojo, meng eicht foto dei ech bearbecht hun, aus mengem allereichten shooting!!

Klickt drop!!

brauch onbedingt nach mei erfahrung an dem bereich, dovir loost aeren kommentarer freien laaf;)

merci an biss geschwenn...




MarcGerard 12.09.2007 - 23:31

geet zwar !

man de geck gefällt mer immens! zumol an de faarwen! hues der coh eng flott platz zu enger gudder zäit ausgesicht! iwwert déi pose an de schnett soene ch dann mol näischt, vu dass de jo secher nach anerer op lager hues ! cya!
gloda 12.09.2007 - 23:59
Gudd geschafft hei. Flotten Bilopbau, schéin Scèene. Just den Himmel as en bëssen ze hell. Wann ech mech net ieren haas de en Blëtz dobäi. Riicht d'Beliichtung einfach um Hannergrond aus sou dass deen ok as, géi op Manuell an looss den ETTL vum Blëtz säin Job maachen fir d'Meedchen korrekt ze beliichten.
D'Faarwtemperatur kéint een en bëssen ropschrauwen, wat mengen déi aner do?
Hm, an jo den hellen Strëch duerch den Kapp as net sou dat.
MarcGerard 13.09.2007 - 08:20

apropos faarwtemperatur:
ech mengen dat wier gudd fir 't bild neutral ze kréien. awer dat heescht net dass et mer esou net gefällt. ech ennersträicht e bessen déi owesstëmmung wann et méi kaal as ...

ADG ? closed_eye
gloda 13.09.2007 - 11:18
Jo, dat stëmmt. Et misst een déi zwou Versiounene virun Aan hun.
MarcGerard 13.09.2007 - 13:01

ech hun se mol am photoshop opgemach! do get en 't faarwen méi reel duer! dat as scho méi waarm.. jeno browser kann dat variéieren! ech fannen se am photoshop gudd wéi se as smile
mee mäer wësse jo: op e besse kënnt et net un am digitalen... wichteg as elleng de print closed_eye
Mulanski 13.09.2007 - 22:39
awer wi wees ech dann elo dass daat waat speider um pabeier ass deem entsprecht, waat ech och op mengem schierm hun?
MarcGerard 13.09.2007 - 22:47

DAT as déi grouss fro op déi keen eng äntwert huet bigsmile

also dach, eigendlech schon, mee de colomanagement as e fach fir sech! wanns de 't biller selwer doheem prints kanns de dat evt. nach man, mee déi zäit an déi suen déi dobäi dropgin sin et wierklech net derwäert! dee gréisste verloscht sin déng nerven smile

ech man et esou: ech loosse méng fotoen am labo printen a stelle mer herno einfach fir ech hätt méng foto esou gefiltert wéi um print deen ech dono kréien smile
Mulanski 13.09.2007 - 16:41
zalutti marc, schon laang neicht mei vun dir heieren....

ma merci vir dein kommentar... ech probeieren dfaarftemperatur en bessen ropzedereinen, mee nemmen vum himmel oder och vum modell selwer?

an hei nach eng quitzfro: hun eng d200, an en metz(54mz4i)...

sou hun mech am unfank esou op daat nikonHilfslicht gefreet alles schein an gudd...., awer wann ech den metz opschrauwen,
dann kreien ech dhilfslicht (vum Autofokus) net mei vun der d200 mee vum metz.... daat well ech awer net!!! wees du waat ech do mache keint.... daat naerft mech schon eng laang laang zeit.... unhappy
MarcGerard 13.09.2007 - 20:42

ech mengen zwar dass de dat iergendwou emstelle kanns: (um apparat!, net um blëtz) mee fro mech net wou.. dat weess een aneren deen 't D200 huet bestemmt besser wéi ech. ech benotzen se just op der aarbecht.

wat déng fro mat der faarftemperatir ugeet:
ech giff mol soen béides! wanns de wells vier am bild eng aner faarw kréie wéi hannen as et am flottsten faarwech e blëtztn (faarwech transparent-folien am bastelbuttéck closed_eye )
Mulanski 13.09.2007 - 17:57
merci merci..... mee eppes verstinn ech net: "géi op Manuell an looss den ETTL vum Blëtz säin Job maachen " ??

Mee wann ech temp. ropdreinen, dann bassen dei blo farwen am hannergronnd nemmi sou gudd bei seng aan....
Anik 13.09.2007 - 00:29
däin 2. shooting.. dat as éierlech an eng besser reklamm fir dech bigsmile
MarcGerard 13.09.2007 - 08:17

hihi!
verräter bigsmile
LaaChkiChelChen 13.09.2007 - 01:44
Wow flott Aan smile an d'Foto och. Ech hätt et zwar bessen aanescht cadreiert.. also bessen manner himmel awer dofir ennen mei broscht, also dass do matzen an der mett vun der broscht/top oofgeschnidden as steiert mech hei bessen, mais soss ganz toll!
Mulanski 13.09.2007 - 17:54
salut, merci vir dein kommentar...et stemmt du hues recht, dfoto ass bessen ze heich ofgeschnidden....
Charly 13.09.2007 - 12:00
Iddi an Location gefaale mer. De Model och. Hätt villäicht e bessi méi no ënnen cadréiert. Wéi wir et wann de Model nët an d'Kamera mee no riets ging kucken?
Mulanski 13.09.2007 - 16:43
merci alleguerten vir all dei kommentarer.... probeieren dei naechste keier besser op sou saachen opzepassen....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 641 Gäscht online