WOW, super, di gefällt ma !!
also wees net ob daat besser ausgesin gif,
mee fleit ganz bessen mei blend zou maan fier dass den zuch net
zevill onscharf ass.
mee soss top ! dramatik, spannung... an deen mega ausdrock am gesiit !!
Ech mengen d'Problemléisung vum Thema présentéiers de eis hei jo awer zu honnert pro an dann ass den Hannergrond esou och een Must. Bildopbau ass gudd (oder fehlt nach eng Hand, di amgaang ass ze verschwannen?) Nee, mengen net.
Super Opnahm....Cadrage, S/W, deen Äusdrock am Gesiit -top-....daat mat der Blend fannen ech lo net sou dramatesch, den Zuch ass jo an sengen Contouren ze erkennen, an geet fier mech an der Spannug am Bild hier, dur....
gefällt mer ganz gudd daat doten. muss dem ochiniwa widerspriechen, ech fannen d'haltung gudd, se weist lo wei hien seet net direkt dass hatt ugestreckt ass, mee ech fannen se weist deen deel dono, also ech gesin et wei wann et scho mei laang ugestreckt ass an eng zait versicht hätt lass ze kommen,e t awer net gepackt huet an lo an deem moment ass wou et d'liewen opgett an sech denkt "oh verdammt"
den zuch haat ech baal net gesin... keint eventuell bessi mei scharf sin? oder flait bessi mei no, awer net zefill mee bon... vum thema hier geif ech dann soen dass se wierklech ganz gudd ass
Yoshi; Du schreifs genau waat ech och geduercht hun. Resigniatioun nodeems hat probéiert huet laszekommen an geseit das et aussichtsloos as.
Ech hunmer geduergt wann ech um Zuch géif 2 Luchten montéieren géif deem ganzen nach en zousätzlechen Stressfaktor gin; oder?
Wow. Vun der Haltung hier ansou stoark
wanns de lo effektiv nach Luuten un den Zuch baus, dann bass de main Held! Deen bemiirkt een neemlech am Moment nanet all ze gudd...
mee deen resignatiouns-ausdrock ass der deck gudd gelongen.
Also ech brauch jo net méi ze soen, dat alles un des Foto stemmt, vum techneschen aus gesin. Ech fannen den Ausdrock dréckt éng gewessen Verzweifelung aus, waat gudd durch d'Hand am Virgrond verdäitlecht get. Als alternativen Titel hätt ech hei virgeschloen:
"Wanna die young and beautiful"