Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Fëscher

 
Fëscher
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    27.12.2005
  • Gekuckt:
    26078
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    11
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/4.5
  • Brennwäit:
    15.6 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x541
  • Späicherplaz:
    219 KB
  • Originaldatum:
    2005:11:06 13:21:55
  • Fotoapparat:
    KODAK DX6490 ZOOM DIGITAL CAMERA
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=2142]
Kommentar vum Fotograf:
D'Photo ass zu Oostenede geholl op engem Dag wou d'Wieder leider nët allze gudd war. D'Mier Richtung Horizont ass allerdéngs liicht nogedonkelt fir d'Atmosphäre nach e bëssi ze ënnersträichen.
alma 27.12.2005 - 20:59
schein photo, gefellt mir gut an dei rumm ass dir gut gelongen smile
Focus 27.12.2005 - 21:46
Ausser das Scheff flatsch an der Mëtt as fannen ech se ne iewel. Ech mengen ech hun endeckt virwaat den Fescher net bei sénger Angel sëtzt. Wees du et och?
redrum 28.12.2005 - 12:40
D'Rumm ass gudd, an d'Atmosphäre stëmmt och. Bon Scheff an der Mett hätt können anescht sin, mee trotzdem flott.
Minaa 28.12.2005 - 19:56
fannen déi Foto och flott, just eben d´Scheff wier besser wann et bessen méi seitlech wier.
An ech mengen ech wees och wisou heen net bei senger Aangel setzt closed_eye
Sylvia 28.12.2005 - 22:59
ech fannen dei Foto gudd esou wei se ass ...ech fannen wann d'Scheff mei seitlech wier wär en an deem Moment rem ze no beim Fescher oder ze noh bei der Angel...sou ass alles schei verdeelt ...
redrum 29.12.2005 - 12:44
hm ech sin domm, ech wees net firwaat den fescher net bei der aangel setzt... mee waat wees ech och schon vun feschen?? Allé, deen eischten deen mer et an enger PMS verréit kritt en Kichelchen smile
amBesch 29.12.2005 - 13:54
Also de Moment wou ech d'Photo geholl hun, hat ech effektiv wëlles dass se genau esou ausgesäit, dat heescht mam Schëff an der Mëtt fir sou en Dräieck hinzekréien. Mee dat ass wéi ëmmer affaire de goût. Ass schon e bëssi hier dass ech déi Photo geholl hun. Mëttlerweil krut ech vum alma och e bëssi eppes iwert de "Gëllene Schnëtt" gezielt asw. Ech selwer sin, wat d'Photographéieren ugeet, nämlech nach absoluten Ufänger a frou iwert all Verbesserungsvirschléi a konstruktiv Kritik.
A fir lo nach op d'Léisung vum Rätsel hinzeweisen firwat de Fëscher nët bei sénger Angel sëtzt: ët kéint sin dass de Buedem, respektiv Sand bei der Angel nët déi Festegkeet opweist wéi do wou de Fëscher um Bild sëtzt. Lo kéint een sech natiirlech nach d'Fro stellen firwat hien da nët d'Angel bei sech eriwergeholl huet smile
Focus 29.12.2005 - 18:36
genau daat hat ech och geduercht amBesch. T?angel huet hien dofir natiirlech besser an den Buedem kritt. Aferstaan?
Focus 29.12.2005 - 18:42
hues du och nach en Porträt vum Fëscher?
amBesch 30.12.2005 - 22:18
Neen, vum Fëscher elleng hun ech leider keen Portrait gemaach. Ech misst zwar nach enzwouch eng Photo hun vun engem Fëscher den am Hafen säi Netz fléckt. Muss dat mol sichen a kucken op ët wiirklech gudd ass.
Wat d'Angel an de Fëscher ugeet: averstanen smile
yoshi 20.01.2006 - 14:21
Ech fannen et flott wéi déi eenzel Sujeten verdeelt sin, allerdéngs géif ech et besser fannen wanns de Kamera méi no riets geschwenkt häss, sou dass riets nierft der Aangel an lénks nierft dem Fescher selwecht vill Plaatz ass. Dann wier d'Scheff och nemmi ganz an der Mett, an trotzdem en gewessen Abstand zum Fescher an senger Aangel.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Early

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 587 Gäscht online