Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Killtuerm-Killer

 
Killtuerm-Killer
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.08.2007
  • Gekuckt:
    24473
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    0/0
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    27.6 mm
  • ISO:
    64
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    750x546
  • Späicherplaz:
    185 KB
  • Originaldatum:
    2007:08:23 16:28:59
  • Fotoapparat:
    DiMAGE S404
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Allgemeng »» Doku an Reportage
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=21303]
Kommentar vum Fotograf:
lo ass et geschënn esou weit
Neckel 24.08.2007 - 00:25
Yeah ... meng Poubelle giff sech hei driwwer freen ... sry
Mika 24.08.2007 - 00:42
Meng och smile
Kwitchibo 24.08.2007 - 01:09
sorry fannen daat do brengt kengem eppes eosu wei dir et hei schreift... unhappy
ok Foto as net guud mee se as zu engem Aktuellen thema wou sowuel als foto als och als thema am Forum behandelt get an wann ma esou nei Leit begreissen ...............
ech geif mengen wann all Mensch geif bessi hellefen een deem anerem dann geifen ma weit kommen!!!
unhappy
Mika 24.08.2007 - 01:44
Bon, villeicht ass meng Aktioun falsch, mee ech stinn derzou closed_eye
Villeicht ass et dir nach net opgefall, mee den User vun deser Foto huet scho mei wei engker geschriwwen, dass sou Fotoen net ugeholl gi guffen asw. also hee wees vill ze kritiseieren, wann en sech och sou kritiseiert, misst him weinstens een scharft Bild gelengen closed_eye
Definitiv fannen ech den Sujet gudd, weis du sees eben well et am Forum ugesprach gett..mee fir mech geseit daat do aus, wei wann en de Sujet missbraucht haet fir endlech eng schlecht Foto op PG ze kreien...an nei ass den User och net closed_eye

Mee lo ofgesinn dovunner, sinn ech bei all aaner User gaeren bereed, daat weinegt Wessen vun Fotografie daat ech hunn weiderzeginn an sinn emmer op fir Kritik. Mech zB huet PG wierklech weiderbruecht smile mee waat de klickklack munchmol hei opfeiert...dofir breicht ech mech eigentlech guer net opzereegen closed_eye

Hoffen du verstees lo wei ech dei Saach gesinn an ech wier wierklech frou wann nach Fotoen zum Thema Killtuerm giffe kommen...awer w.e.g nitt op sou eng Maneier, vun engem User dee bekannt ass fir ze provozeieren closed_eye
the_zipper 24.08.2007 - 01:45
@Kwitchibo du hues awer lo och net wirklech gehollef bei deser Foto mee denger Meenung sinn ech schon lang an sinn vill Leit dei sech iwer dei Onkonstruktiv Kommentarer opreegen, ech fannen soumols leit dei net eng spigelreflex hun an 10 joer Erahrung sollen eng chance kreien, kloer sinn deenen hier Fotoen selten dass engem den Mond opstoen bleiwt an mengen den Johny oder Yoshi oder ween och emmer huet net aus domheet engem Ufänger seng foto aktiveiert.

Also lo mol zur Foto:
D'Idee ass wirklech gudd vuque dass daat Thema do iwerall diskuteiert get mee se ass net wirklech scharf waat schued ass an se ass och net aus engem gudden Bleckwenkel, ech wees net op dei Stromleitungen do steieren am Bild oder net dei keint een vielleicht gudd mat dran abannen oder en ganz aneren Bleckwenkel wielen

Opjidefall net vun sou puer Leit hei, dei bessen epps drop hun an dofir Ufänger net wirklech respekteieren an emmer rem vergiessen dass se och eenmol Ufänger woren, décourageieren lossen!
Mika 24.08.2007 - 01:52
Also mat deene puer Leit waert ech jo och well gemengt sinn closed_eye also ech gesi mech emmer nach als Ufaenger, an ech well den klickklack wierklech net decourageieren, ech hellefen gaer Leit weider, sou weit ech et kann, well mir hunn och puer Leit, besonnech vun PG gehollef an hellefen nach emmer. An deem Senn well ech PG och eppes remginn, mee irgendswann ass d'Faas fir mech voll, well den klickklack ass schon mei wei engker negativ opgefall closed_eye
btw hues du awer alles zur Foto - em dei et jo eigentlech geet - gesoot, an wann den klickklack et well serieux huelen (wourunner ech zweifelen eierlech gesoot am moment) kann en sech daat jo zu Haerzen huelen, seng Kommentarer lossen...sollt en sech wandelen, sinn ech gaeren bereed een frendlech Kommentar zu sengen Fotoen ofzeginn...
the_zipper 24.08.2007 - 01:57
Also et ginn leit hei um Site dei hun eppes drop an brengen leit emmer weider mat hieren Kommentaren dass den Neckel och gudd fotoen mescht wesse mer och, ech hun vum KlickKlack nach net vill matkritt bei menger leschter haat en just eng Fro gestallt dei net ganz berächtegt war, awer lo net provokativ.

An wann dei Persoun jo sech munchmol derniewt behellt, dann loss dech dach net op deemsein Niveau rof mat sou onneidegen Kommentaren, sondern dann ignoreier heen einfach an schreif neischt. Daat ass mei sennvoll well daat anert ass just verlueren Zeit!
Mika 24.08.2007 - 02:05
Bon, ech gesi lo net an firwat hei streiden mat dier closed_eye Mee bon ech stinn zu mengem Kommentar...an dein eischte Saatz, dassen Leit hei sinn dei eppes drop hunn, stemmt zu 100 prozent closed_eye
Munchmol derniewt behellt? Mir ass en bislo emmer negativ opgefall, sorry, an ech wees net firwat een sech op PG muss sou remschloen, wei den Kwitchibo soot, kann jidereen eppes beileieren (mee sou net closed_eye )...also daat waer eigentlech de Message vu mengem eischte Post smile
mee du hues recht, ech verschwende meng Zeit leiwer wou annescht :P
(Meenungsverschiddenheeten geheieren och mol zu enger Community closed_eye )
the_zipper 24.08.2007 - 02:16
Jo mee wat ech wollt eigentlech am Résumé wollt soen dass dein an dem Neckel sein Kommentar: "Vir an Poubelle" alles anescht wei Konstuktiv ass, wei gesot ech kennen dem KlickKlack seng Geschichten net mee ech hun dei ganz Sach och am globalen vir desen Site gesinn well ech daat schon puermol gesinn hun an eben soumols Leit dei hier eischt Fotoen maan seier durch sou Sachen décourageiert sinn.

Ech krut zum deel och sou Kommentarer an hun zum gleck en sturen Kapp an einfach driwer wesch gekuckt an mer just dei Konstruktiv Sachen zu Herz geholl.

Mir sinn eng Community an am groussen ganzen villen ech mech och zimlech wuel hei dranner an kleng Diskussiounen geheieren derzou ech geiff et net Streit nennen. Streit wier wann ech rosen mat der wier waat net sou den Fall ass hun just eng aner Meenung derzou. Mee des Community ass jo eben sou opgebaut dass een deem aner soll hellfen, an wann dann een et net sou mescht an vielleicht onneideg Sachen kommen leist dann soll een et dach net selwescht maan domadder ass jo wirklech kengem gehollef ausser dass vill Leit herno hei rosen mateneen sinn.

Sou lo nuescht awer mengen mer kennen dest Thema ofschleissen.
Mika 24.08.2007 - 02:19
Beim 3. Abschnitt stemmen ech der zou, an beim leschten Saatz och tongue
the_zipper 24.08.2007 - 02:30
Klengen Tipp vir sech ze entspaanen an flott biller ze gesinn:

http://www.lonelywolf.pl/galeria/
Masterpii 24.08.2007 - 02:43
Mengen daat war daat gescheitsten waats de lo heizou beibruecht hues... schummt iech, wirklech!!
Masterpii 24.08.2007 - 02:44
An dann soen se mir ech wier frech mat den kommentarer!!!!
TomEwert 24.08.2007 - 09:37
schwaach aktioun dir 2 ... dass nach nie en meeschter vun himmel gefall... an ech sin der meenung dass dir 2 net an der positioun stitt esou en kommentar hei ofgezin...schummt ierch
Tom
Mika 24.08.2007 - 14:57
Mech huet deen do Kommentar einfach net lassgeloss, villeicht ass et och hei ee Feeler ee Kommentar oofzelossen closed_eye waat mech besonnesch hei zum Nodenken bruecht huet, ass dass mir 2 net an der Positioun giffe stinn, sou eppes ze schreiwen...mettlerweil si mir eis jo eenz, dass keen sou eppes sollt schreiwen closed_eye mee de Kommentar ass fir mech och bessi dass mei jonk Useren hei net dierfen hier Meenung preisginn, wann se eppes annescht gesinn wei dei mei eeler, dei (och) besser Fotoen maechen closed_eye Bon, et ka sinn dass ech daat lo falsch interpreteiert hunn, ech gi mech awer lo net schummen, mee versichen mei hellefreich Kommentarer ofzeginn an dee ganze Quatsch zu daer Foto hannert mir ze loosen...
luxplorer 24.08.2007 - 02:39
/removed/
JuZi 24.08.2007 - 08:37
No Comment,
well wann ech lo geif schreiwen waat ech denken, dann miest ech empweder wei den "KNOLLES" ett gemeet huet, an matt Recht, zum "Johny" soen hien soll mech läschen, oder ech geif Bloqueiert.
In diesem Sinne,
HAVE A NICE DAY,
an R-d-v Mouer den Muergen zu Deifferdeng, do ass beim Killtuerm groussen "Henri Cartier-Bresson" - Treff.

JuZi
Neckel 24.08.2007 - 10:08
Ok mein Kommentar war wahrschinlech absolut danierft, hun ech och gemierkt, deet mer Leed. Mee ech fannen et komesch dass wann een den schons mi laang hei ass een an wirklesch een mol eng Keier een scheiss bloeden Kommentar schreift (dat ass lo op mech bezunn) direkt vun honnerten Leit kritiseiert gett !! , an dann sech soll an den Eck stellen an schummen. Dass der mech zreck geholl hutt an soot hei Männi dat doten ass net fein, ok .. mee kann een och iwwerdreiwen ... Das emmer den Problem vum Internet an ganz besonesch hei op Photogen, d'Leit huelen emmer alles perseinlech, an maulen direkt wann een eps falsches seet, an dann gett zu 10 op een geklappt, dat ass dat wat mech hei emmer rem nervt (@JUZI, Luxexplorer an di aner, w.e.g. net mech oder d'Mika lo oofstempelen als ejenteen heini den een schlechten Daag haat an sech dann hei bei aneren hiren Fotoen ausleisst)

Jiddereen schreift mol bloedsinn, an ech mengen der sin mei hei um Site wei d'Mika an Ech !

Also namol Pardon dat wollt ech net dass et sou frech riwwer kennt !

Merci
Kwitchibo 24.08.2007 - 10:38
fir mech Null problem ganz eierlech !
et as a bleift nemmen Text ouni Gesiicht wou een geseit!
allez schein Daach wenschen ech Dir!an dem Mika

allez see ya

cheers
JuZi 24.08.2007 - 11:00
@Neckel:
meng Remarque woar nett fier Dech perseinlech, wierklech nett, hunn just am generellen geschriwen, oder mei Richteg, nett geschriwen, waat ech denken.
Hei kommen hei ans do Comments, oder Fotoen, eroppgelued oder , an glecklecherweis gesinn mer dei refuseiert nett, wou een sech freet, WAAT SOLL DAAT???
Dann miesten mer eng Galerie maachen fier, effektiv Anfänger, dei awer dann fun deenen "Aalen" Fuusen encadreiert miesten ginn.
An dann, hunn ech schon Commentsen oofginn fier ze hellefen, ganz gentil an fein, meng Meenung gesoot....an dann kruut ech iwerhieflech Entwerten matt sou engem saueren Hannergeschmaach an dem Gefill dass d'Leit nett ferdroen wann een nett graad hierer Meenung ass.
Denken do sinn nach Efforen ze maachen.

Julien
Neckel 24.08.2007 - 11:07
Do hues du absolut Recht ! An ech sin frou dass nach vill Leit hei sin dei och sou denken, an sech awer weider bemeien smile
Charly 24.08.2007 - 13:36
Hmm, ech hätt déi do och net behaalen, oder villäicht guer net gemaach, mee ech verstinn dat een se maache wellt. Als Reportage as d'Iddi och ganz gudd, mee do hätt een secher méi no drun goen kennen (bei d'Gelänner waat een am Bild gesäit. Da wir emol schon näscht méi am Bild waat vum eigentlechen Sujet oflenkt.
D'Qualitéit ass wuel bedengt duerch d'Kombinatioun Apparat/Brennwäit. Eng Kamera an deer Klass kann numol net daat bréngen waat eng SLR bréngt (et feelt un Schärft an den giele Kanal ass iwersteiert).
Ech gesin se als Schnappschoss deen seier am Eifer, ouni laang ze iwerleen (waat daat "künstlerescht" ugeet) gemaach gin ass.
Wor daat elo diplomatesch genuch? Ech hoffen et wor zumindest konstruktiv.
Johny 24.08.2007 - 14:32
Also Jungs lo erklären ech dei Saach hei emol bigsmile

Den klicklack ass ee vun de Kandidaten dei sech onfair behandelt fillen well ech seng Fotoe refuséiert hun. Am Forum huet en vill gepost an wollt dass ech e läschen. Hun ech gemaach. Den Dag duenro huet e sech rem registréiert.

An dann firun enger Zäit hun ech rem zwou Fotoe refuséiert vun em, an do koum dann schonn eng E-Mail "Anscheinend hun ech et hei matt Kanner ze dinn" an vu dass den Här trotz äusféierlecher Erklärung vu mir op senger sturer Meenung sëtze bliwwen ass, duecht ech aktiveiren ech des lo einfach an dann gesäit en jo dass ech Recht hu matt menge Refuséier-grënn. Bon nee och wann et et trotzdem nach emmer net wäert agesinn, hei op der Säit steet de ganze Beweis.

Daat ganzt hei ass TROTZDEM kee Grond frech ze ginn, och wann ech hei elo KEEN wëll verteidegen.
Mika 24.08.2007 - 14:40
Hmm, entschellegen ech mech och, et ass wierklech kee Grond geweescht frech ze ginn, mee irgendswann ass schon iergendengem de Kolli geplatzt closed_eye
Soss stemmen ech dem Juzi an dem Neckel zou, Thema oofgehaackt, hoffen den klickklack gett sech lo mei Mei, an da probeieren mir him och ze hellefen closed_eye
Trigger 24.08.2007 - 15:41
An Plaatz Photoen ze refuséiren an Onnétz-Kommentarer oofzegin, sollt der den Unfänger an deenen déi keng sou gudd Fhotoen maan, Rootschléi rsp Verbesserungsfiirschléi gin wéi se sech kënnen verbesseren!
Sou wéi ech daat matkritt hun soll daat jo den Zweck vun Photogen sin! Wann just perfekt Photoen geposted därfen gin, da braucht der keen Berwärtungssystem ze maan vun 1-10, ma dann musst der eent maan vun 7-10!!!
Hun schon méi schlecht Photoen hei gesin wéi dës déi eigentlëch zu engem aktuellen Thema passt mais just onschaarf as!
Geländer an Héighspannungsleitungen stéiren iwerhaapt nët, kann souguer ganz interressant sin wann een déi richteg Veraarbechtung vir dës Photo fënt! Do léisst sech eppes draus maan!
Dobei dierft der nët vergiessen wéi eng Kamera dass benotzt gin as! Et huet nun mol nët jiddereen eng 30D, 400D usw...!
Géif des Photo an der Rubrik Schnappschëss stoen wier se schon baal perfekt!
Hun dann och mol eng Bewertung oofgin (4) !!!
Hät des Photo manner wéi 1 verdingt, hätt ech se als Admin och refuséiert!
Johny 24.08.2007 - 23:36
Du schreifs deng eischt zwou Zeilen weiwa mer geifen d'Fotoe refuséieren ouni e Grond unzeginn, mir soen allerdings wisou an waat net gutt ass, a wann daat kéng Kritik ass, wees ech och net. Just d'Leit mengen se missten dann meckeren well se sech äusgeschloss fillen.

"wann een déi richteg Veraarbechtung vir dës Photo fënt" -> de klicklack ass, wanns de nach net gemierkt hues, géint eosu Moossnahmen smile

Manner wei 1 geet net well 1 de Minimum ass. Also wéis de scho selwer mirks, do hänkt eppes an dengem Verglach. Eng Skala vun soen mer mol just 4 - 10 huet och kee Sënn well d'Leit emmer nach kennen bewärten no hierem Gout. Allerdings spillt de Gout kéng Roll wa mir kucken ob d'Foto iwwerhaapt déi puer kleng néideg Kritiken erfëllt déi se misst, fir aktivéiert ze ginn.

Iwwerdreiwe kann een emmer an du mëss et leider, Trigger.

PS: Och matt kompakten Cams kann ee schaarf stellen.
klickklack 26.08.2007 - 00:19
ech sin ganz paff, waat ech hei verbrach hun. ech wosst net datt et esou schlemm wär.
merci trotzdem un déi leit déi probéiert hun objektiv ze bleiwen.

Schéi gréiss,

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 451 Gäscht online