Hei ass nach eng Foto aus Amerika. Des ass aus dem Arches National Park. Se ass owes um halwer6 gemach, et huet grad opgehaal mat reenen an d'Sonn ass rem rauskomm.
?? Sin lo richteg irritéiert.. dat gesäit aus wéi een Bonsai an enger Modeleisenbahnslandschaft.. Wann déi schärft/onschärft sou out of the box as, dann well ech och eng Fullframe fir mat der Déiftenschärft ze experimentéieren..
D'Faarwen sin och interessant. Den Himmel an d'Sonn machen ee ganz surrealen Moment do draus.
Ech geng soen bei 1/4 Blend ass et normal dass et hannert an virum Baam onscharf get. Souvill ass net virum Baam, wou een erkennen kann dass et onscharf ass. Wanns de deen Strauch ganz ennen mengs, deen ass sou vill onscharf well ech baal um buedem louch an den Strauch zimlech no beim Objectiv war.
Ech hat déi ganz Schärft/Onschärft am Bild gemengt. Fannen dat excellent.. Fir dat op enger gecropten Kamera hinzekréien brauch een meegaa schnell lensen.. Dat heiten wier bei mir 25mm F2.8 oder am beschten nach méi schnell.. Jojo, déi 5D as eppes flottes.. *seufz-well-net-am-budget*
ech -LIEBEN- des foto!! eiii...daat ass en genoss...ech sin en riiieesen fan vun sou fotoen...herrlech...an dei kleng deiftenschärft ennerstreicht daat ganzt nach...
very...very good job dude!
impressionant opnahm. Ech mengen dass virun allen deen EXTREM donklen himmel deen déi photo hei déi onheemlech (gudd ) atmosphere verschafft. mais ech friessen en biesen wann dei heiten am s/w oder an enger liichter roud téinung net nach giff besser wierken (waat mengs du... probéir et fir mech w.e.g.). Awer schéin gesin ... wierklech flott.
eng super foto fir mech. sie huet eppes mystesches. et hute een gefill, den baam geif aus der foto erausstoen, an dann nach dei schein greng faarw vum baam am himmel. einfach super
Ech fannen d'Photo alleng schon vun den Faarwen flott. Vum Sujet fänken ech guer net mol un ze schwätzen. Den Reebou am Hannergrond ass d'Kiischt um Kuch. Fir mech einfach top
herrlech Stemmung an der Foto!!den daischteren Himmel am kontrast zum giel beliischtenem Fierdergrond gefellt mer immens gudd!
giff een sugur mengen am hannen lenks wier na een Steck fun engm Reebou zerkennen....
TOP!