Mjo hun mir och déi aaner mol ugekuckt, an muss soen datt dës wéinstens net sou blatzeg as. Op Sepia oder net as Affaire de goût. Fir mech : naja net sou mäin Fall. Mee ech sin och éischter een, deen zum Beispill wann et e schéine sonnegen Daag as, daat dann och probéiert mat ze huelen. An déi summerlech Faarwen mat starken Schieder an schéinem Kontrast sin dann fir mech e muss.
Den Kadrage as mir och hei dann e bessen ze enk fir d'Situatioun. Op der Foto gesäit et aus wéi wann de Mann net vill ze soen oder ze laachen hätt ("Sou Meeschter komm du mir heem!". Wéi et jo a Realitéit as kann ech net beurteelen.