Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Julie

 
Julie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    23.12.2005
  • Gekuckt:
    21184
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/200
  • Blend:
    f/4
  • Brennwäit:
    18 mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x540
  • Späicherplaz:
    104 KB
  • Originaldatum:
    2005:12:18 18:31:52
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=2083]
Kommentar vum Fotograf:
Den Shooting mam Julie war ganz flott, deen onkomplizéiertsten biswell. :)
Daat heiten ass eng vun den leschten Fotoen, déi mer gemaach hun, gesait een vlait schon eng gewessen Middegkeet?!
scoty 23.12.2005 - 01:09
ltam nee?
scoty 23.12.2005 - 01:10
awer ganz flott just, wier flott gewicht wanns de et bessi funn der sait geholl häss
yoshi 23.12.2005 - 01:14
Jap LTAM. Lo wous de et sees... Hätt zwar mengen ech den Kierper gelooss an just den Kapp e bessi gedréint? oder häss du léiwer gehaat vun méi saitlech daat ganzt?
kola 23.12.2005 - 09:09
Gefällt mer ganz gudd, mee wier nach besser wann hat wéi schon gesoot de Kapp ganz liicht zur Sait gedréit hätt.
joellchen 23.12.2005 - 09:56
kepp no riets gedreint a kiirper sou geloos smile gif besser wierken closed_eye
joellchen 23.12.2005 - 10:11
kapp net kepp.
wi haat kuckt passt net richteg an d photo, et kuckt bessi béis (lo neischt geint hatt ;)) mengt ee baal et géng wénken smile
wann et sei kapp no riets gedreint haet , da ging daat su aus gesin als geing et schloofen oder eben d blummen bewonneren. daat riicht an d camera gekucks as meeschtens den doud, well menger meenung noo zersteiert et hei di ganz wierkung, mee d faarwtein deis de gewierlt hues, gefaalen mer deck gutt an as schein harmonesch smile
p.s. eng moof oder rosa ketten haet besser gepasst wi di blo =D (as mer grad opgefall smile)
scoty 23.12.2005 - 12:51
jo den kapp
Mati 23.12.2005 - 12:52
jo gin dem joellchen recht.
geseit villeit och liecht steif sou aus.
mee farwe si wierkleg mega, eben wierkleg sou richteg passend an harmonech!
ech fannen och dass et net schlecht kadreiert ass.
klex 23.12.2005 - 13:04
Fannen et vun de fuarwtéin (Decken, Blummen, Kleed) hier ganz flott! De wénkel, vun uewen roof ass och gudd gewielt! Waat mech besse stéiert ass eben och de bléck vun em, bei deser Foto géif en enspaante bléck vill besser wiirken, oder eben oech de kapp bessen gedréint...
Vun der Beliichtung hier kéint se besser sin! Ech wees net mat waats de se beliicht hues, mee waat stéiert ass daat riets uewen schéin hell ass an hatt am ''däischtere'' läit (am verglach zum räscht ass et zimmlech donkel)
durch déi beliichtung hues de eben och zimlech staark kontraster an der Foto, waat ech bei desem sujet net immens fannen, duus géif besser passen...
Bon, zu gudder läscht, gif et nach méi flott fannen wann d'decken ganz drop wär (also ennen lénks a riets) a net nach deelen vun der mattratz ze gesi wären...
Haat och scho welles eng ähnlech foto engkéier ze maan, mee du wuars dest kéier eben méi schnell...waat näischt drun ännert dat ech mäi gléck och wärt versichen closed_eye
anaiya 23.12.2005 - 20:38
smile schein faarwwahl, muss ech soen smile stin fir geweinlech net op pink mee as gudd gerooden hei smile.
Naja ech wees net op dir all fannt daß d'meedchen beis kuckt, et kuckt eischter à la "arr arr höl mech" ;-) Mee dat passt da rem net bei dei schein rosa-tein smile. Mi een doucen bleck hätt ech besser fonntsmile! An d'Blummen na besse mei verdelt,mee as niewesach, smile
yoshi 24.12.2005 - 17:24
Majo merci alleguerten. Am Meechten deelen ech d'Meenung mam anaiya, woubai awa och aaner erwähnten Punkten natierlech ze beuerchten sin. Mam Bléck hun ech jo och schon an der Beschreiwung kuerz ugeschwaat gehaat.
Mee wann ech su nodenken waat ech amfong mat der Foto wollt weisen, dann ass et net su gudd den Kapp ze dréinen, et géif secherlech och eng flott Foto gin, mee eng déi eppes aanecht ausseet.
joellchen 25.12.2005 - 16:14
waat seet des dann aus? =P
joellchen 25.12.2005 - 16:15
soll daat e schlafzimmerblick sen oderwei? closed_eye
klex 25.12.2005 - 16:19
Majo daat waat d'anayia scho soot, sou ala: Lee dee blöde fotoapprat op d'säit a komm heihinn! bigsmile
Su géif ech dee bléck mol interprétéieren closed_eye
joellchen 25.12.2005 - 16:36
lol bigsmile
typesch typen bigsmile
yoshi 25.12.2005 - 16:50
Genau deen, et sin nämlech Fotoen als Geschenk vir sain Frend gewiercht.
joellchen 25.12.2005 - 21:59
aah da soo daat och bigsmile da wees een weinstens de kontext =P
als chreschtdaagscadeau oderwei? closed_eye
yoshi 26.12.2005 - 13:20
Nee deen huet e puer Deeg no Chrechtdaag Gebuertsdaag closed_eye
joellchen 26.12.2005 - 16:20
ahso ok closed_eye
knapp donierft as och donierft =P
yoshi 26.12.2005 - 16:33
Jap, ganz knapp, mengen ass muer, hoffen en freet sech smile
joellchen 26.12.2005 - 16:41
hehe bigsmile bestemt closed_eye as io seng frendin drop, daat misst en schon freen. wivil krit en der dann? closed_eye
yoshi 26.12.2005 - 17:25
Oh wees et net, en kritt mengen ech cd mat, an ech huelen un su 10 steck schéin oofgezun.
joellchen 27.12.2005 - 16:03
hehe bigsmile
Vince_M 18.04.2006 - 12:38
Super....

Regards.
Vince
yoshi 10.06.2006 - 13:19
thanks
xtoph69 10.06.2006 - 07:28
6 méint dono!!
hun se elo réicht entdeckt closed_eye
ech sin jo ee kridelschass, an u sech ass et och net sou wichteg (fir waat faelt et mir dan op)
wenn ketten schéin an mett gezu wir, an déi zwee reng ausgedoen, du glews net wat dat ausmecht!!
dat mat den solariums streifen nuje schued awer net tragesch, haet do am PS e bessi nogeholef
fir de recht fannen ech super Dekor a gekleet! fannen das een hei de Bleck an Poos net weider ka kritiiséieren well dat ganzt jo fir e bestemten zweck geduecht war! wens de sou eppes awer einfach als portät wols machen da kent ee bestemmt nach eppes méi raushuelen duerch haltung vum gesicht
yoshi 10.06.2006 - 13:19
hey, merci villmols, stemmen der voll zou smile
ausser dass daat net solariumsstraifen sin mee vun der sonn tongue (ass mer iwregens bislo na net opgefall soss hätt ech bessi retuscheiert)
reng an ketten gin ech der recht. an mat der poos den gesiichtsausdrock hätt och kennen vir desen zweck bessi besser sin.
keint een hei kommentarer bewerten, dann haess de bestemmt eng positiv kritt closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 635 Gäscht online