Wi di meecht jo wascheinlech wessen sin ech net graad ee vun deenen di hier portraiten am studio realiséieren, obschiddefall net gär ;) ... dofir wär ech nawell frou vun deenejeenegen e kläng feedback ze kréien :) merci
Also mier gefaellt d'idee perseinlech net sou gudd...mee daat as affaire de gout. Deen schied hannert dem model fannen ech net sou gudd...well en sou um bord zaquetscht as...also meng er meenung no waer se besser wann keen schied do waer...oder wan dann na mei dous...mee ech sin o na emmer studio ufaenger
mir gefällt et, schein farwenkombinatioun mam roud-bloen eben (an di orange stremp net ze vergiessen) fannen d'gesiicht schein beliicht (en plus huet d'meedchen eng immens schein ausstrahlung) an de schied steiert mech amfong net (höhö wi wann d'nora epps geng dovun kennen )
Merci, jo, daat mat de stremp wuar ech och iwwerascht wou hat d'schung äusgedo huet, an do hun ech geduet wann een nach e blot schieddech ging undoen gif daat jo flott passen
Färwen gefall mir och immens. Du hues bestemmt net gesinn das orange vun den Strëmp an den Hoer remkent. (besjen) Fannen och den Schied flott, alleng schons well en t'Bild deelt.
Do muss de awa scho gudd kucken fir daat ze bemiirken mech perséinlech stéiert de schied och net, vu dat en duus ass a net knaschteg (kee grain dran oder sou)
Merci
salut!
also iddi ass einfach, an 't pose och.
jo, an den hannergrond hätt ee kënne besser ausliichten. mee fir e wäissen hannergrond (bei ganzopnahm) propper auszeliichten ass net esou einfach, an mat nëmmen engem blëtz net realiséierbar...
ech froe mech och, obs de net lénks zevill hues! menger meenung no jo.
alles an allem ess et en einfache portrait, net schlecht, awer ech hun net direkt "Lex" geduecht wou ech se gesin hun. d.h. vun däer ass ee besseres gewinnt ouni studio.
nach ee plus: däin verlaf vu buedem op hannergrond ass schéi ronn.... dacks gesäit een do falen an dégradéen dran!
Jo, ech sin nie ganz kreativ wann et em posen am studio geet d'falen mer eifach käng sou supper an well een eben op dee blöden unisen fond beschränkt ass... d'saach ass scho ganz aanescht wann et net am studio ass an sech den hannergrond (fannen deen huet och immens vill ze soen bei engem flotte portrait) eräussiche kann! D'wuaren zwar 2 bletzer, deen een mat enger softbox an deen aaneren géint de reflecter!
Jo d'saach wär och fläit aanescht gin mat engem wäissen hannergrond, daat do wuar nemlech en groen
Hun extra drop opgepasst dat keen fallen dra mecht an och keen den buedem dräckeg mecht, well ech haat käng loscht mech duerno nach am photoshop ze ameséieren
Merci
Also mein, eichter negativen komentaire as och fleit, wei den maggle schons soot, drop hinzefeieren dat deng fotoen emmer mei extra sin...daat do as einfach zimlech "normal"...
Technesch gesin gin ech dem mmphotos Recht, de Schiet dreck e bessi. Par conter as d'Belichtung am Gesicht perfekt.
Zur Iddi: A mengen An sin zevill verschidden Iddien an der Photo a keng déi déi aner dominéiert.
Uewen ugefangen: Eng Nikosmutz-passt zum Datum. Dann de schwéieren Fotoapparat mat riesen Objektiv (= Phallussymbol???? ) . As d'Medchen selwer Fotografin? Dann dat blot Schieteg. Keng Ahnung...det een sou eent am Labo un??
An dann déi léif orange Strëmp.
Insgesamt: D'Pose vum Medchen as entspant, de Bleck as gënschteg, insgesamt eng léif Foto. Probéier mol wanns du lenks e bessi wegschneids, da kriss du se villäicht méi an den Equiliber.
Ma usech schon, d'meedchen mecht och Fotoen.
Daat blott schieddech ass äus dem Labo, hu fonnt daat géif fuarwlechgudd debäi passen, an dem kleesschen séng geselen si jo och heinsdo am schiddech
Jop, haat mer och schon iwwerluet e bessen op där säit ewäschzeschneiden, mee lo schlussendlech hun ech de géigendeel awer gemeet, wanns de op méng Homepage gees da gesäis de waat ech mängen
Merci fir de kommentar!