Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Leidelenger Tuerm

 
Leidelenger Tuerm
Lizenz ënnert daer d'Foto steet:
GNU Free Documentation License
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.07.2007
  • Gekuckt:
    20070
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    9
  • Beliichtungszäit:
    1/60
  • Blend:
    f/8
  • Brennwäit:
    24 mm
  • ISO:
    200
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    531x800
  • Späicherplaz:
    179 KB
  • Originaldatum:
    29.07.2007
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 30D
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Nei Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=20624]
Kommentar vum Fotograf:
Den Himmel war gro, net vill lucht, hun e bessen un er photo gedoktert, hoffen net zevill.
JADE 29.07.2007 - 23:01
zur Foto wees ech elo nët direkt eppes ze soen ... ausser, dass
d'Faarwbeaarbechtung mir iergendwéi gefällt, ass wéi eng Zeechnung ...
an, dass en liicht schief ass (stéiert mech awer nët extra vill) ...
an, dass ech en gaeren ganz gesin hätt (war awer bestëmmt nët méiglech)

awer ... waat soll deen Tuerm? waat gëtt daat? ...
fueren praktesch all Daag do laanscht, an froen mech all kéiers ---> hmmmm???
fotofab 30.07.2007 - 18:12
Den eneschten Deel vum Tuerm ass net schein, vun der Haaptstrooss steht do nach e Gebai waat steiert.

Wei deendo et schon soot, et ass e Waassertuerm an awer och e Pompjeesschapp wann esch mech do net iieren.
JADE 31.07.2007 - 15:19
deen ass awer och riiiiiiiiiiiiiiieseg héich deen Waassertuerm do !!!
Ochiniwa 29.07.2007 - 23:03
Dei Perspektiwesch Verzerrungen kann een erausschaffen. Fir bei deem Wierder awer en DRI? oder ass et keen DRI?
fotofab 30.07.2007 - 18:05
Io, ass en DRI. Den Himmel war gro, d'Photo wär ouni DRI wierklech ganz gro gin.
deendo 30.07.2007 - 00:14
D'Motiv ass elo jo mol net esou extra... Leider ass duerch d'verschaffen den Himmel ronderem zimlech daischter, deen wou een allerdéngs duerch d'Gitteren duerch gesait ass vill méi hell.

@ Jade - ech kéint mer virstellen dass et en Waassertuerm gett. Ech hun elo um Internet Site nogesicht an kann zitéieren:

"Wasserturm verschlingt größten Teil des Budget.

In Bezug auf den Bau des neuen Wasserturms ist eine ständige Kontrolle erforderlich, um die Arbeiten voranzubringen. Dieses Projekt macht im Leudelinger Budget den größten Posten aus."
fotofab 30.07.2007 - 18:07
Richteg. Eigentlech wollt ech do den Gitter an d'Széne setzten. Ass mir awer net gelongen.
elmuzo 31.07.2007 - 14:47
Gesäit ganz futuristech aus... net nëmmen wéngst denger Beuarbechtungbigsmile.
Fir dat Gitter méi an Szene ze setzen, hues de, mengen ech, d'Perspektiv net gutt gewielt (Du hues der vläicht jo nach gemaach)... ausserdem woaren d'Liichtverhältnisser eendäiteg net ideal.
Interessant wär et, wanns de all Woch eng Photo maachen kéinns goen, fir esou den Fortgang ze dokumentéieren. Mee bon.
Ersetzt den doten dann elo den Leidelenger Waassertuerm, den een sou gutt vun der Autobunn aus geseit??
fotofab 31.07.2007 - 20:56
Hallllloo elmuzo!
War e bessi ze presseiert an hun doweinst dat ganzt net richteg cadreiert. Me dat soll jo keng excuse sin.
Op deng Fro wees ech keng Äntwert.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 613 Gäscht online