Oh lo messte mech jalous . Ech haat d'Chance virun engem Joer Fotoen do ze maachen...mee deemols haat ech net wierklech Interessi un (gudd) Fotoen vun Roum...mee wann ech dann sou eng super Foto gesinn, keint ech mech mam Schung an den A*** rennen ! Super Arbecht hueste do gemeet, d'Engelsbuerg scheint an Erscheinung gesaat, ech hunn natierlech puer Erennerungsfotoen vun der Engelsbuerg geknipst, do fannen ech d'Buerg u sech ellen. Mee sou ass et wierklech eng Foto fir ze geneissen.
Fir mäi perséinleche goût en tick zevill orange.....
Waat de cadrage ugeet, hätt ech lénks bei denen 3 Luchten niewend der Buerg geschnidden, déi droën näischt méi zu der Foto bäi - evtl wier rechts méi eppes interessantes gewierscht, mee dat wëll a kann ech nët beurteelen.
d'Luchten di sech am wasser spiegelen gesinn aus wei flammen, d'Flammen vum Krich an vum leiden.... ass mir irgentwei sou an de kapp gesprong wou ech d'Foto gesin hun... foto gefällt ma ganz gudd
soen iech alleguer ee groussen merci,
- hätt natierlech och kënne lënks bessen schneiden, fir éventuell riets méi dropzekréien, ... Recht hues de "galileo" ... wärt mer daat zu Härz huelen, waat dann relevant ass fir eng Foto a waat nët - merci fir den tip
- wow "broken-limits" waat eng Interpretatioun, mee natierlech passt daat och, well zu Roum a virun allem rondrëm déi plaatz hei, sin scho vill Kricher gefouert gin, an huet ët och nawell heiansdo vill gebrannt
Dagsiwwer ass diselwecht Perspektiv bei wäitem net esou spektakulär. Hei stëmt bei der "mise en scène" (bal) alles. Den Tour duerch d'Engelsbuerg rentéiert sech op alle Fall.