Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Im Kornfeld

 
Im Kornfeld
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    15.07.2007
  • Gekuckt:
    20420
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    12
  • Beliichtungszäit:
    1/500
  • Blend:
    f/5.6
  • Brennwäit:
    200 mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x532
  • Späicherplaz:
    179 KB
  • Originaldatum:
    2007:07:14 14:13:16
  • Fotoapparat:
    NIKON D50
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Fraen / Meedecher
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
Super Wieder, gudd Stemmung ;)

Fir anzesetzen: [pg_img=20204]
Kommentar vum Fotograf:
Fir d'eicht wel ech vun iech wessen op iech den Wees firum Kenn an der Leps vum Anik ze vill steiert? Ech wees et net genau, op der enger Seit fannen ech et gud an op der aanerer och rem net.
Dat as d'Haaptfro.

Fir den Recht, wei gefällt iech d'Foto?

Hun mech bessen hei vum Wees inspireieren geloss *ein Bett im Kornfeld* daat konnt ech zwar leider net abeizauberen. ;)

Waat mech selwer immens faszineiert sn dei brong Tein, seng Hoer dei bei den Wees passen, an d'Aanfarw... kA einfach irgentwei natirlech farwen...

Lo as et un iech! ;)
JADE 15.07.2007 - 23:13
bon ... den Wees stéiert nët esou immens ... säitlech villäicht besser ... mee ass awer OK fir mech

soss ...
douce Faarwen an gutt cadréiert ... een ganz flotten Portrait ... an ... däin Sister-Model ass ët awer och ... closed_eye
LaaChkiChelChen 15.07.2007 - 23:28
ahhh du wees nach dass et meng Schwester as closed_eye gin d'Kompliment weider closed_eye wann et endlech mol doheem as closed_eye

merci awer fir dein Kommentar

Den Wees war do net express agebaut hun daat dono beim verschaffen mei bemirkt dass den flatsch am gesiit war, mais durfir wosst ech et net.
Ochiniwa 15.07.2007 - 23:13
Also denn Wees virum Gesit steiert mech eigentlech net. Wat mech e bessen mei steiert sinn d'Farwen, irgendwei gesinn dei net natirlech aus??

Wees also net esou richteg... villäicht ze hell oder net genuch kontrast...

LaaChkiChelChen 15.07.2007 - 23:29
Merci och dir fir dein Kommentar smile

Also ech hun eigentlech net mam Kontrast gespillt, hätt dann also besser gehaat den bessen ropzesetzen, wei ech dech verstin? ech probeieren et bei mer mol aus smile
the_zipper 15.07.2007 - 23:49
Hues de en Ophellbletz benotzt? ass vielleicht bessen ze hell gewiecht... am aan geseit een soueppes wei een Bletz reflekteieren an och riets an den hoer reflekteiert daat mee scenerie ass immens flott!
LaaChkiChelChen 16.07.2007 - 00:08
Nee also ech hun mol nogelies waat den Ophellbletz as, mais ech hun just mein integreierten (wei sech dat uneheiertbigsmile) vun der Nikon benotzt. Hun keen eenzelen. Mais hun alledengs och gelies dass den Bletz heinsdo och dozou fäheg as et ausgesin ze lossen wei wann een een Ophellbletz benotzt hätt. Wann ech daat lo falsch verstaanen hun dann korrigeier mech.

Et fällt mer zwar lo och op wann ech dei aaner Fotoen kuken dass daat mat eng vun den eenzegen as wou et an den Aan reflekteiert.

Merci awer fir deng Meenung
TomEwert 16.07.2007 - 08:44
ech fannen du hues dein sujet hei super schein an pose gestallt. scheinen bild ausschnet ..natiirlech faarwen ... et herrscht eng grouss harmonie am bild. mech steiert nemmen dei kleng straehn virun lenksen aa ... well dei leider en schied werft an doduerch d beliichtung net grad perfekt leisst ... awer soss gudd arbescht.
LaaChkiChelChen 16.07.2007 - 15:51
merci freet mech dass en dir gefällt. hat well nogeduecht dei strähnen am lenksen Aan fortzemachen, mais dono wär meng retouche vum aan net gudd gewies. Hun daat nach net rausfonnt wei ech daat perfekt hinkreien, oder sou dass et munchen net opfällt.
Wannste eng Leisung fir dei Saach hues dann kannste mer dei gären soen closed_eye
TomEwert 17.07.2007 - 09:46
ma hei ze retoucheiren ass net esou evident well den schied bis ivert d nues geet ...stempelen ass do net einfach ... respektiv fellt op... du keins dei schied hechstens ophellen ... an ps den abwedler (O) d intensite op c.a. 20 an op metteltein astellen an en bessen ophellen ... awer wei gesot ... ass eng leiw photo ...gefaellt
Knipser 16.07.2007 - 12:32
Ech fannen du hues hein een immens schéinen liewechen an natierlechen Porträt gemeht, den Wees stéert mech schon e bessi, ma trozdem ganz gelongenen Porträt.
LaaChkiChelChen 16.07.2007 - 15:51
Hehe merci smile
TomEwert 17.07.2007 - 09:48
deen wees giff mech steiren wann en net giff zum bildopbau geheiren ... hei ass en ganz kloer iverluecht ... waer vielleicht nach mei schein wann den wees him giff sanft ivert d lepsen fueren ... ech fenken erm un mat dreemen closed_eye

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 476 Gäscht online