Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Geldfaal

 
Geldfaal
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    18.12.2005
  • Gekuckt:
    35994
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    27
  • Beliichtungszäit:
    1/2
  • Blend:
    f/32
  • Brennwäit:
    180 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    800x540
  • Späicherplaz:
    288 KB
  • Originaldatum:
    ....18.12.2005
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Objeten an Still Life »» Am Studio  
Extras:
- Fotodesch
- Stativ
- RAW

Fir anzesetzen: [pg_img=1999]
Kommentar vum Fotograf:
Eng Sozialkritech Foto, déi éicht aus menger neier Serie iwwer Suen.
Mengen brauch net vill ze erklären, oder? Bon hun laang gebraucht vir opzeriichten, an mettlerweil baal en bloen Fanger.. As net su einfach déi Schainer do ranzekréien, ouni dass d'Faal zougeet. ;)
joellchen 18.12.2005 - 10:15
cool idee smile
illusions 18.12.2005 - 10:59
Super Idee
coolpix 18.12.2005 - 11:41
D'Foto gefaellt mer ganz gudd, ass propper emgesaat, an dreckt daat aus waats de eis domadder soen wells (cf. Kommentar).
klex 18.12.2005 - 12:01
Gudd iddi! Ass däi Photodesch endlech ukomm?
Si scho gespaant op d'serie smile gesinn du hues se am raw gemaat... ass mängen ech di éicht di ech sou vun där gesinn closed_eye
NoHa 18.12.2005 - 12:11
Fannen ech o gudd gema.. kann ee ma soen waat RAW as? smile
klex 18.12.2005 - 12:47
RAW ass eng onverschaffte Bilddatei, well all fotoapprat verschafft séng fotoen just nodeem se gamaat sin schon intern, z.B saachen wi kontrast, schärft, wäissbalance, hue, an an an...
Am RAW mech hien daat net! Daat heescht du hues d'méiglechkeet daat dono genee wéist du wells an net wi de fotoapprat daat well an engem RAW Programm wi photoshop CS2, Nikon Capture oder dee vu Canon ze maan. Fir di bäscht méiglech bildkalitéit gees de also am bäschten mat RAW closed_eye
Hoffen daat wuar alt bessen opschlossräich...
yoshi 18.12.2005 - 12:59
Ech hun et verstaan closed_eye
Et ass och effektiv déi éicht Foto déi ech am RAW gema hun. Hun mer geduercht ech hätt haut mol gudd Zait an do hun ech et mol sou gemaach, an ech sin begeechtert smile Fotodesch koum lo en Freiden endlech!
Merci alleguerten smile
joellchen 18.12.2005 - 13:35
se wierklech schein faarwen gin smile muss ech der loosen smile
kola 18.12.2005 - 15:39
Gudd Idee, an tiptop emgesaat. Waert elo och mol eng am RAW probéieren!
celinou 18.12.2005 - 17:05
woah cool, richteg gudd! Super Iddi, super Emsetzung!
sutewi 19.12.2005 - 10:25
keng mausefaal mee eng menschenfaal! cool deck cool idee foto ass einfa mee o witzeg
NoHa 20.12.2005 - 12:36
ech hun verstaan, villmos merci fir d'Erklärung smile
Paulinus 27.12.2005 - 22:39
Den Léon Doemer vum 21. Joerhonnert...
yoshi 28.12.2005 - 19:16
Wann daat mol keen Kompliment ass smile
Merci boku! closed_eye
yoshi 30.12.2005 - 22:52
Boah Mogway smile
Du iwwerraschs mech emmer rem tongue
Zum Thema Geldwäsch wollt ech och na eng Foto maan, gehéiert alles an den Programm vun der Serie, obwuel ech den Moment leider net vill Zait hun... Muss vill zevill feieren closed_eye
Gin lo net gär op all Punkt an, mee soen einfach allgemeng en groussen MERCI vir dain wuel längsten Baitraach op desem Site an vir mech perséinlech och deen hellefraichsten. Ouni vill Erfahrung mam Tabletop hues de mer lo awa schon gudd Tips gin vir en wonnerbaren start an daat neit Joer, deen ech dir iwwregens och lo wenschen tongue
amBesch 16.02.2006 - 22:10
Ka mech just uschléissen: cool Iddi a gudd emgesat. Gefällt mer!
Flulles 19.02.2006 - 23:34
richteg gudd iddi daat dootn!...kruus de dann o puer eit domaddn?...geing mech nit wonneren mat deenen wou haut sou ronderem laafn!smile...also kann awa nemen soen genial iddi!
yoshi 19.02.2006 - 23:49
Kruut mech nemmen selwer puer mol well ech net opgepasst hun closed_eye Merci
Johny 20.02.2006 - 02:31
Du waards jo nahc op e Kommentar vu mir anscheinend .. smile

Also waat soll ech nach grousses soen äusser dass d'Idee absolut genial ass, och wann et souer anscheinend scho gin. Technesch gesin, waat soll et dodrun äuszesetzen gin? Lo grad froen ech mech wisou ech eigentlech kee Kommentar an Bewärtung oofgin haat, well dës Foto am fong eng vun denen ass déi mer am beschte gefaalen op Photogen. Waat soll ech nach soen ... #10
yoshi 20.02.2006 - 02:37
Villmols Merci, deng 3. 10? closed_eye
Johny 20.02.2006 - 02:39
Meng 3. 10, richteg smile
Jury 06.05.2006 - 19:47
Gléckwonsch, déng Foto ass vun eiser Jury als Topfoto gewielt gin.
Lali 22.07.2006 - 21:18
hey, ech hu jo na guer naischt heizou geschriwwen... :/ *schumm*
fir et kuerz ze maan: vote 9 fir foto, an vote 11 fir d'iddi...
--> eng glaat 10!! smile))
fannen se genial!!!
yoshi 30.07.2006 - 17:42
merci smile iergentwann maan ech d'Foto nei am richtegen Wenkel an iwwerhaapt mat allen Saachen dei den Mogway geschriwen huet. Dann gett et eng 10.5 smile Do well ech gesin weis de dei gess tongue
jegas 17.07.2008 - 16:12
Flott Iddy
cookie91 18.08.2008 - 14:20
einfach genial bigsmile
nikonchrecht 02.09.2008 - 11:56
top

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 605 Gäscht online