Merci Garry! ech wees et ze schaetzen! ech sin och eierlech wann ech soen dat ech se vum Opbau selwer och net sou "super" fannen... ech war geschter mam Hond an hun fotografeiert waat mer begeint ass.. daat ganzt mat engem iwwerhetztenem Hond deen emmer un der Lenkt gezun huet an an d'Bild gelaaf ass .. ech hun dun dei Pasabelst geholl a se verschafft well ech einfach Loscht haat am PS ze kniwwelen
lo sin ech op alle Fall rem motiveiert mer nees e bessi mei Gedanken ze maachen )
Also ech schleissen mech der Majoritéit un. Fier mech ass dei Foto tip top gelongen. Mais, ech froen mech nach emmer, waat daat heiten fier en Filter resp. B.A. Prozess ass?
ee Filter ass et net ,.. ech hun einfach verschidde Layeren gemaach a verschidden Effekter wei Curves, Levels, Color Balance selectiv um Bild agsaat... eigentlech eng affaire wou ech einfach ob d'Gefill gemaach hun
Kucken se jo lo well fir d'100st...an et as mer eppes opgefall: wann se enen bessen mei enk waer, hätt se nach naischt verluer Also bessen eppes vun den Sténg geng ech haalen, mee vlait net suvill. AN dann as mer nach opgefall dass den wonnerbar leckeren Kontrast 0 haaptsächlech eben um ieweschten Deel ass an dofir grad su lecker geng bleiwen.
An amfong ass den Haaptgenoss nach en aanren: daat waat een alles doranner kann interpretéieren.. *krhr*...
I've made my choice again... and I still like the picture