Ma et sin dach dei nei kriteren do...en 2ten huet lo nach emmer d'recht eng foto ropzelueden Also waert een aaneren se gudd fonnt hun....Mier perseinlech gefaellt se net...ze verschwommen...iegentwei keen kontrast...an obwuel den kueb jo flitt fannen ech dat iegentwei keng beweegung am bild as...
Ahsu, haat daat na net matkritt...
froen mech zwar ween daat wuar eieiei
ganz éierlech, di Foto as grujheleg!
De kuurb ass mol net schaarf, fläit enner aanerem well se gecroppt ass... an si ass am falschen eck vum Bild! a mam Aan ass och iergent eppes net an der rei...
Nujee, da wees ech daat fir d'next kéier, da wärt ech mech net mi graad su opreegen...
muss dem Lex an mmphotos zwar recht gin hei, d´Foto ass net schärf, d´Aan vum Kueb ass iergentwéi lusch, d´Färwen sen iergentwéi zimlech blatzeg an wann ech d´Foto kucken haalen ech de Kueb net wierklech am Aan well alles sou verschwomm ass ... mir gefällt se net.
trotz all deem wat hei gesoot gin ass fannen ech se awer iergendwei schein.
villeit grad well se kA. . . sou einfach ass. . .
ausserdem kan een dFiederen un de flillecken zielen, an duerch dAa geseit e mei gefeierleg aus. . .
jo ok d'kann een fleit d'fierderen zielen...mee kleng sin dei jo och net... an ok d'foto as einfach...an einfach fotoen kennen schein sin...mee des as einfach net scharf...huet sou blatzeg faarwen,null kontrast an as net gudd kadreiert....gesin do net vill positives un daer foto....sry
ui, waat fir kommentarer. ech hun mech och gewonnert, dass photo lo awer online komm ass, well de Lex se jo refuseiert haat. ech hun seng kritik och ugeholl an sein refuseieren accepteiert. ech fannen et just komesch dass iwert eng schlecht photo sou vill kommentarer kommen, waat jo och gut ass. iwert eng normal oder gut photo get awer oft 0 kommentar ofgin. ech wann daat bessen schued well dann wees een net wou een drun as. et wellt een jo gaer eppes bei leieren.et kann een daat thema am forum jo nach engkeier uschwetzen oder verdeiwen
sou lo zur photo, ech haett gaer den kueb an deen lenksen eck gesaat, mee riets hannert dem kueb koum net mei vill photo
am PS ass just gecropt gin an d'rumm erstallt.
't foto ass wierklech einfach. an awer woar ech verwonnert, dass de lex se net acceptéiert huet. mee ech verstin séng décisioun awer, wann ech gesin, dass den alma eigendlech méi drop huet wéi dat doen. ugehol et wier eng foto vun engem newcomer gewiecht, oder vun engem, deen et nach net esou drop huet, dann hätt ech dem lex séng décisioun NET verstanen.
Ech hun des Foto nodréiglech aktivéiert, well et trotz den Feeler e bessi eppes interessantes huet. Ech fannen se och net besonneg gudd, mee hun se awer net sou schlecht fonnt, dass se net dierft aktivéiert gin. Et sin aaner Fotoen aktiv wou ech mer daat selwecht denken wéi lo zB den Lex bei deser, wou ech dann net verstn wisou se aktivéiert goufen.
Den Voting geet net bei 5 un mee bei 1 an et ass mengen ech net eng Foto déi wierklech manner wéi daat verdéngt huet. Well Méih huet den alma sech jo awa mindestens e bessen gin.
Ech géif se natierlech och besser fannen lénks am Bild, mee et ass awer hei net sou schlemm fannen ech, des Foto dréckt einfach eppes aanecht aus wéi wann en lo lénks wier.
An na eng lescht Saach: Ech sin do vlait eng Ausnahm mee ech "liesen" Fotoen mol net zu 50% vun lénks no riets, mee kucken se am Allgemengen, vun allen Saiten. Dofir stéiert et mech hei wuel och net.
Also ech fannen dës Photo besser wéi eng ganz Rei anerer hei um Site, froe mech firwat een déi nët sollt aktivéieren. Just well se vlaicht nët ganz schaarf ass ... do gët ët méi schlëmmer. Ansonsten muss ech mech nämlech dem yoshi uschléissen. Ech fanne och dass des Photo eppes huet. A firwat mussen Vigel, oder allgemeng Déieren, oder och Autoen (ech wees ët jo nët) eigentlech ëmmer an d'Bild erafléien oder fueren oder wat och ëmmer?! Ech fannen déi heite Photo guer nët schlecht, an och de Cadrage nët, voilà donc !
Déi Foto hued Eppes un sëch! Ass guer nëtt esou einfach fir esou Eppes ze fotograféieren.
Wéilt gären wëssen ob's de Oneshot- oder Servo-Fokus angestallt haas?