Schued dass, wann een daat iwwerbeliicht geng wechcroppen, suvill vun der Foto verluer geet... Bis op den rietsen-eneschten Deel gefällt se mer neemlech gudd...
Mega Respekt fir deng Amerika-Serie!!! Op denger Homepage sin och eng Rei super Fotoen! Deng Téinung mat deenen desaturéierten Farwen an dengen Biller ass immens gudd. Wiedererkennungsfaktor pur. Deng Motiver sin och top. Kann et sin dass du deng Biller am Lightroom verschaffs?
lightroom ass een prog vun adobe oder??
ass deen schon eraus?
deemols war just eng belleg beta eraus...hun en unsech nie probeiert..mais just driwer gelies...
nee maachen unsech alles am photoshop...
ganz banal
et nervt och deelweis e bessen dass een awer all photo (also ech emol) verschaffen muss, fir dei richteg farw eraus ze kreien wou een well... dat haat ech unsech beim analogen net esou oft...
do war den iwerraschungsfaktor mei grouss, wann dann eng foto super geroden, bzw. entweckelt gouf... ouni weider drun ze schaffen... dann war dat den top
well dann ass et och net mei umbedingt den apparat wou esou wichtege muss sin, op et dann eng canon vun 1000 euro ass oder eng vun 2000 euro... vue que dass de souwiesou herno drun schaffen gees...
Jo, Lightroom ass vun adobe; en ersetzt den photoshop zwar net ganz, mee ass vun der Handhabung fir eng Rei vun Sachen besser. Et léisst sech och gudd mat RAW-Dateien dran schaffen. Um Internet fenns du eng Demoversioun déi 30 Deeg gratis ass.
Fir mech as do nix Battle of..mol net dei Kontur vun Rage against the Machine...nee daat as bis elo dei schwachsten Foto aus der Serie daat iwerbeliicht mengen ech as mol net de Problem daat as mei das op pg den Hannergrond nach weis as...soon...netmei..
du hues de maximum eraus gehol mee kans net mei maan wei dran war