Net méng éischt, awer di éischt an deem Pub
Wat ech dervunn halen?
Et gung just drëm, dee gammelegen Androck festzehalen. E groussartege Cadrage an dees war net den Zweck, ech wollt schliesslech net laang do wunne bleiwe, well et war einfach nëmme ruppeg.
Wanns de den Bléck op en bestëmmten Element an dénger Foto, an dësem Fall dat Gammelegt wells riichten, as et wichteg dass och sou Saachen wéi Cadrage stëmmen, soss lenken déi nämlech dovun of.
Anno Tubak??? Daat do ass an UK Norm, also meng Bidden & Lavaboen hun all genee den selweschten Krun!!
Zur Photo : den Sujet ass intressant, mee vlaicht häss de kéinten méi en intressanten Wenkel huelen, evtl bessen mat Schärfendéift spillen, den Krun opdréien. D'Photo fannen ech och bessen ennerbeliicht resp ze kontrastaarm.
Ma dann schätz dech glécklech, hei sin genee déi Krinn do reegelméisseg Thema vun Polemiken well se 1. emmer drepsen an 2. d'Waasser ze no beim Bord vum Lavabo erauskennt. Aus deem Grond hun ech och iegendwou eng Photo fonnt déi di miserabel Situatioun soll verdaitlechen
(http://nickaschman.net/files/cnv00004.jpg)
ass nawell eng interessant prise, just schued dass de Krun uewen oofgeschnidden ass. An déi nexte Kéier bessi besser op d'Schärft an op de Blëtz oppassen. gefällt mer awer.