Also ech hun en Miniatur Video-Sender, nët méi grous wéi den Nol vun engem Dom, un den AV-Ausgang vun dem Photoapparat ugeschloss. Um Buedem hun ech den Receiver an dodrun als Monitor en Gameboy Advanced SP mat engem speziellen Modul mat deem en AV_Signaler dran aspille kann.
Mechs Du och Loftopnahmen?
löl!mee fier den -modul- opzedreiwen hett ech lo apsolut KA wou een daat giff sichen gon... (huelen un dassde wei sou oft nees ALLES am internet fens)
wei gesait den Draach dann aus?den dierf dann awa op keenfall oofstierzen soss get et eng deier...
ps: ech hun nach NII sou een beisen panorama wei hai an dengem Link gesin!wierklech heftesch!!
Mengs Du den Bubble-Pano? Daat ass eng Klass fir sech. Den Scott Haefner as en As do dran. Hun den Scott virun 6 Joer do iwer kenne geléiert. As en super Typ.
daat as jo awer op villen plaatzen!!
as et meiglech foto vun Sk8park zu Diddeleng ze maan??
well mir maan een neien Internetsite an do wären esou fotoen tiptop!??
Hmm, kennen den site net. Mee daat kinnt een sech emol ukucken. Waat ech brauch ass en méiglechst gläichméissegen Wand, keng Héichspannungleitungen an genuch Plaaz fir den Draach secher ze starten an ze landen. Schéck mer eng PM, dann kënne mer eppes ausmaachen.