Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Rapsfeld

 
Rapsfeld
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.04.2007
  • Gekuckt:
    25941
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    999x669
  • Späicherplaz:
    259 KB
  • Originaldatum:
    den owend
  • Fotoapparat:
    D-200
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Sonnenopgäng / -ënnergäng
2. Kategorie: Natur »» Landschaften
Extras:
Manuel Beliichtung mat Ophellblëtz - Statief
Mound net gecropt.
Exif tomorrow

Fir anzesetzen: [pg_img=17372]
Kommentar vum Fotograf:
wollt mol dëst Farwenspill probéieren.
JADE 19.04.2007 - 23:24
pffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffffff ... (---> = een Puste-pffffff...)

... méi brauch ech jo wuel nët ze schreiwen, oder?



(dach, komm ... mir gefällt daat Faarwenspill ganz gutt ... hmmmm ... een horizontalen ... emol-aaner-faarwegen-Reebou? ... -Rapsbou? ... )
Focus 20.04.2007 - 08:46
sin sälwer nach net zefridden demat LJ. Awer den Sujet as interesant genuch vir nach drun ze schaffen; mengen ech.
Jefferson 19.04.2007 - 23:39
super foto gefällt mer wirklech gudd
genial faarwen
GrAl 20.04.2007 - 08:37
Wierklech schéint Faarwespill.
Fir mat als eenzeg Liichtquell den Mound gesäit en datt den Raps ower däitlech vun vir beliicht ass (dain Blëtz eben) an do géif ech mer wënschen iergend en Bléckfang nach virun Raps ze hun, den erklärt wou di Luucht hierkennt: Eng Terrasse, en Gelänner, iergende klenge Wupp net natiirleches... iergendeppes wou en eng Liichtquell dohannert vermudden géif.

Oder den Raps net sou staark beliichten resp. déi gréng Stengelen vum Raps net beliichten, sou datt just d'Bléien an dem fantaschtegen Giel liichten an en en Liichtquell vun uewen dofir vermudden géif, den Mound eben.
Focus 20.04.2007 - 08:45
deng Idi gefällt mer; an entsprecht baal deem wat ech wëll probéieren. Thx
gloda 20.04.2007 - 09:34
Vläit einfach manuell blëtzen vun do aus wou den Mound as dann dann den hellen Punkt dono erausclonen?
Focus 20.04.2007 - 10:03
hat un Sait gedurcht mä déng Idi as super; Thx
GrAl 20.04.2007 - 11:12
Bei sou Fotoen kann en jo mat laangen Beliichtungszäiten schaffen. Wanns de dann, soe mer mol eng Minutt laang beliichs, dann kanns de labber mam Blëtz an der Hand ronderemlafen (souguer duerch d'Bild, dat mecht guer näischt) an gezilt déi Plazen beliichten déis de wëlls. Natiirlech muss de drun denken, deng Blëtzleeschtung ze reduzéieren, sou 1/16 vun der Leeschung ass ganz passabel.
Meng Foto "neien Theater" hun ech sou gemet.
Focus 20.04.2007 - 11:16
Do bass du jo awer net duerch Bild gelaaf; oder


Neien Theater

GrAl 20.04.2007 - 14:48
Dach! Ech stoung matzen Am Bild fir de Sten unzeblëtzen.
Dat ass jo eben dat fantaschtescht bei Laangzäitbeliichtungen, du fälls net op wanns de duerch d'Bild leefs. Bon, natiirlech dierfs de dech net laang op enger Plaz ophalen an dierfs dech selwer och net ublëtzen.
Ennen lénks beim Sten an en butzeg klengen rouden Punkt. Den ChLo, den demools dobäi wor, mengt, dat kinnt d'LED vu mengem Blëtz sin oder meng rout Jacket déi ech demools unhat.
Me den Fait ass, et gesäit en mech net!
Focus 20.04.2007 - 15:21
As schons dék impressionant; ech hun och schons e puer mol mat der Langzait an der Form gespillt : Gugs du :
i am nothing

Albino Dementors

Symbolesch
GrAl 20.04.2007 - 15:34
Majo, gene sou.
Pelz 20.04.2007 - 10:27
Waat en intensivt an variéiert Faarwenspill. Fier mäin Gout ass awer e bessen ze vill Raps drop. Mais soss, genial!
Focus 20.04.2007 - 10:40
hues de e beschjen Recht; wollt just net op den déi gréng verzichten
Charly 20.04.2007 - 13:36
Genial Fuerwen. Schued just dat den Mound iwerbeliicht ass.
flexmex 20.04.2007 - 18:13
Wow! Wosst guer net dass een vun engem Rapsfeld sou schéin Fotoen kann maachen. Mee déi heiten ass op alle Fall supper!
Nach eng Kéier: Wow smile
geppetto 21.04.2007 - 21:46
Bravo, compliments ....

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 608 Gäscht online