Ech hun probéiert dem Alphonse_M séng Unreegungen op dess Foto Bodensee unzewenden.
Ech sinn léider kéen PS Expert, dofir wir ech ëm all weider Ideen dankbar ...
Ehm... bass de secher dass de net 2 mol genau dei selvecht foto ropgelueden hues??? Mierken nämlech lo net direkt en ennerscheed teschend der 1. an der 2...
Mee d foto gefaellt mer awer trozdem
Ech hun nach een mol gekuckt. Nee et sinn 2 "verschiddener". Ech hun just den Himmel geännert ... An desser Versioun ass en méi Orange ...
Freet mech dass se awer gefällt.
Ech muss soen ech hun och e puer mol gekuckt. Den méi orangen Himmel gefällt mier perséinlech besser well et méi zu menger Idee vun China baidréit obwuel dat natierlech net fier all Mensch de Fall ass. Insofern gefällt se mer besser, vlaicht ass et besser den Himmel net méi ze strukturéiren well en soss awer géing zevill vum Fiergrond ooflenken...wee wees dat schon??
Tatsächlech dann entschellegen ech mech (mee sie haten en + genau dei selvecht greist...)
also sry nach eng keier Mee ass wouer dass den bessi mei orangen Himmel dann awer besser ass
Keen Problem Sam, wann een déi 2 Fotoen nët nierfteneen gesäit ass den Ennerscheed nët wierlech grouss. Mee ech fannen awer d'Retouche Versioun méi stëmmungsvoll, mee ech sinn mer awer nët 100%eg secher ob ech net iwerdriwen hun, an et sou an den "Kitsch" ausart ...
Ech Probéieren mol déi nächst Deeg eng ganz aaner Approch vun Beliichtung, vlaicht kënnt nach eppes flottes derbäi eraus ... an sos probéieren ech daat Motiv nach spéider ofzeliichten, bei aaneren Liichtverhältnisser, mol kucken, sinn jo méi oft do
Moien Mano, schéin dass se dir gefällt, ass och eng ganz flott Plaatz, kéint een Stonnen sëtzten bleiwen an genéissen, sin an 14 Deeg erëm eng Woch do ... JUHU