Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Vanille Fraise

 
Vanille Fraise
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    13.04.2007
  • Gekuckt:
    17754
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    10
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    515x800
  • Späicherplaz:
    290 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Expressioun  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=17137]
Kommentar vum Fotograf:
ganz Schwarz Weiss ?
annemie 13.04.2007 - 14:17
Schéin Iddee an eigentlech och schon gudd emgesaat. Ech perséinlech hätt se riets vlait besen mei enk geholl dass de dei Reschter Box net mat drophäss. Dann hues de zuar engersaits besen manner waissen Plower, mee deen Wutz an den Schiet dervunn lenken mech besen oof. Waat genee mengs de mat dengem Kommentar? Ech fannen den Kontrast vun den Ploweren nämlech ganz flott, an d'Hänn sin gudd "tongueositionnéiert"... smile)
Sevy 13.04.2007 - 14:27
Ma haat och d'Idee am Kapp alles schwarz weiss ze maan, an den Hannergrond einfa komplett verschwommen. mee mengen o dass dat do dei besser variant ass closed_eye

ma dat mat da Boxe ass ma och opgefall, mee fällt zimlech vill weiss dann eben weg, an fannen se dann net mei equlibreiert
GrAl 13.04.2007 - 17:00
Den Kontrast vun den Pulloveren ass zwar gudd me d'Hänn... déi wieren am SW wierklech besser. Allerdengs wir et am SW eng Foto wéi vill anerer sou datt ech éischter dozou tendéieren géif fir un den Hänn ze schaffen, manner Sättegung, e bessi d'Faarw korrigéieren an sou daers.
Sevy 14.04.2007 - 11:08
mol kucke waat sech maache leist. Sin na net wierklech Expert a Saachen PS :s
nikkie 13.04.2007 - 17:20
Hu grad geduet, déi do kéint vum sevy sin, an siehe da xD
Kann dem annemie nemmn zoustemmen, mee verstin och deng suerg das se nemi equilibréiert wier. Ech wees net op den hannergrond mech soll stéieren oder net..?
JADE 13.04.2007 - 20:19
hehe ... ech hun och direkt dem Sevy seng ... Schrëft erkannt ... smile)

ech proposéieren och een anneren Schnëtt ...
Sevy 14.04.2007 - 11:07
Hehe, jidereen huet ebe säi Style =D =D
Michel 13.04.2007 - 19:14
d'Iddi ass flott!
den Hannergrond passt net, do häss de schnell kennn eng aaner plaatz sichen.
d'ass net schein gebletzt. du häss flait keinten indirekt bletzen oder ganz ouni, mat enger schreiwdechluucht.
den oofstand teschend de Wieder ass ze grouss, d'schreft häss de kennen besser plazeieren an och net su knätsch wäiss huelen.
schwaarzwäiss gesäit hei mengen ech net gudd aus, well se net sou intressant ass vun der luucht hier, an da gett se am sw just nach mei platt.
d'stecht nach mei dran an der iddi, probeier mol nachengkeier smile
Sevy 14.04.2007 - 11:07
Ma et wor amfong ee Schnappschuss, an et wor zimlech d'éischter an da Stuff smile Mee probeieren se na eng Keier, wann meng cousinen mol nees op Besuch sin smile. Da passen ech och op d'Kritèren op closed_eye merci
nini 03.11.2007 - 12:25
Déi Foto gefällt mir immens gudd:0)

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 643 Gäscht online