Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Into Your Eyes

 
Into Your Eyes
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    30.11.2005
  • Gekuckt:
    21671
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    1/250
  • Blend:
    f/9
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    400x590
  • Späicherplaz:
    81 KB
  • Originaldatum:
    2005:01:23 15:44:26
  • Fotoapparat:
    Canon EOS 300D DIGITAL
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Hausdéieren  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=1712]
Kommentar vum Fotograf:
Fenster ass dreckeg, ech wees... hun awa keng Loscht mech lo éiweg dohin ze setzen vir se propper ze maan, Sonn huet halt dran geschéngt, an d'Kaatz bleiwt och net éiweg setzen ;) Bitte bitte Komentarer :)
Minaa 30.11.2005 - 18:08
mein éischten Gedanken hei war iergentwéi daat et net wierklech no Foto ausgeseit ... closed_eye Warscheinlech wéinst der Fenster, wanns de lo net heihinn geschriwen häss daat se dreckeg war dann hätt ee bal kennen mengen daat wier iergenteen Effekt oder sou closed_eye an och déi Rousen baussen...geseit iergentwéi deck komesch aus (net onbedengt negativ)smile An d´Kaatz kuckt liicht midd dran closed_eye hehe
alma 30.11.2005 - 18:28
gefällt mir ganz gut, kaatz ass gestachen schaaf an deen niwel an der fenster vun der sonn strahlt eng gewessen rou aus.
yoshi 30.11.2005 - 19:16
Merci dir 2 smile
Den Niwwel an der Fenster ass am fong d'Spiggelung vum Himmel, sin also Wollécken, mee Niwwel an Wollécken sin jo am fong daat selwecht closed_eye
klex 30.11.2005 - 19:26
Also ech géif se nach besser fannen wann da d'kaatz d'Fensterrumm net äus dem Kapp stoen hätt! Ass daat éicht wat mer opgefall ass wu ech d'Foto gesin hun! D'kaatz ass awa ganz léiw closed_eye
yoshi 30.11.2005 - 19:34
Merci Lex smile Bei mir stin emmer Saachen aus dem Kapp closed_eye Gesin daat iergentwéi ni, ass flait well ech mat 2 Aen kucken, dass mer daat net su opfellt? :P
Op jidferfall wollt ech hei op 3 vun 4 Punkten den gellene Schnett drop kréien, dofir setzt se eben och just do virun der Rumm. Kaatz riets am Eck hätt net gudd ausgesin.
PS: Daat mat den Aen soll net den Geck gema sin, ech versichen mer eechthaft ze erklären wisous du daat emmer gesais an déi aaner/ech net closed_eye
klex 30.11.2005 - 19:40
Jo, gleewe käum dat daat u méngem aan läit, vu dat de Bildschiirm jo och 2D ass closed_eye Oda mängs de dee moment wus de d'Foto gemaat hues?
Mam gellenen schnett hues de scho rescht!

Fir all di di daat hei sollte liesen an sech froen ''hä ? waat soll daat?'' Ech gesinn nemme mat engem aan closed_eye
NoHa 30.11.2005 - 21:33
wei du gesais sust mat engem aan? smile
also ehc fannen d kaatz o leif closed_eye
klex 30.11.2005 - 21:54
Majo eben net mat deenen 2 aan zesummen wi all normale mesnsch, just mat engem... mee bon wat wells de maan... sin awa bis lo ganz gudd duech d'liewe komm bigsmile

Ech well och eng kaatz unhappy
celinou 30.11.2005 - 22:02
ganz schéi foto... d'reflektiounen an der fenster gefale mer manner. mee d'kaz strahlt eng herrlech rouh aus...
NoHa 01.12.2005 - 16:03
ma da waetste jo ona weider hin daduech komen smile
yoshi 01.12.2005 - 17:47
Merci alleguerten!

Lex, wees o net genau wéi ech daat gemengt haat, mee kann mer virstellen, dass de d'Welt einfach aanecht kucks wéi een, deen mat den 2 Aen glaichzaiteg kuckt.
Sylvia 01.12.2005 - 19:51
So Yoshi ...wees du dass dei Fenster beis knaschteg ass ? ...lollll Nee lo seriö ! D'Motif un sech mat der Plantz dei durcht Fenster schenkt ass tiptop !Erennert mech e bessi un Kreschtdaagskaarten an deem Genre ....mais dei Fenster ...args ...leider lenkt se of !
Paulinus 01.12.2005 - 20:39
D'Kompositioun vun der Foto (gëllene Schnëtt pattati, pattata) gefällt mir gutt. OK, déi Fenster mißt dem Kullanghues net aus dem Kapp kommen.
Mee am meschten gefalen, fir net ze soen beandrocken mech d'Farwen. Also déi vum Holz a vum Déier.
yoshi 01.12.2005 - 22:28
@Sylvia: mengen daat ass nemmen dir opgefall closed_eye

@RivanerJoe: ech mengen DAAT ass nemmen dir opgefall :P En Kullangshues... Na ni héiren closed_eye

Merci och un ierch 2 smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 658 Gäscht online