Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

2x Viaduc

 
2x Viaduc
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    12.04.2007
  • Gekuckt:
    24921
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    17
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    532x780
  • Späicherplaz:
    146 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Bessen PS (2 Kranen am Himmel räusgeholl)

Fir anzesetzen: [pg_img=17079]
Kommentar vum Fotograf:
Majo haut war ech mer mol eis wonnerschéi Staad ukucken zesumme mam Lydie, mee wéi ee gesäit, den ënneschten Deel :)
Paukl 12.04.2007 - 01:02
Dei ass flott gin. Just schued dat den Bour esou knaschteg ass. Den Kola an ech woren gescht owend och dohin, leider wore en net beliicht.
ChLo 12.04.2007 - 07:45
Dues haas Gléck, datt Waasser am Buer as, well daat as nach guer net sou lang hiér dunn war nach Ebbe do. smile
D'Photo as tiptop, schéin Vue. Just deng Rumm as mir bessi ze deck (, oder mächteg).
Johny 12.04.2007 - 13:34
Bessen Chance gehéiert wuel emmer derzou.

D'Rumm ka sinn ... mee ech amuseiren mech net mei bei all Foto eng aner rumm rem ze maachen closed_eye
galileo 12.04.2007 - 08:10
Gefällt gudd - mech stéieren d'Bléien am Waasser nët - déi machen e gudden Iwwergang op d'Beem an der Bléi...
Johny 12.04.2007 - 13:33
ouni wär et awer héchstwarscheinlech bessen mei impressionant smile
JuZi 12.04.2007 - 08:15
Jo, dei do gefällt. +++
Daat matt den Kranen haat ech ereischt mei speit gelies ann hunn mech schon gefroot, wei daat meiglech ass.
Du wees jo, extra fier hei an der Staad keent een schon bal eng Sektioun "Kranen" oppmaachen.
Johny 12.04.2007 - 13:22
Jo daat nervt wirklech extrem ... Mee bon, wouzou gëtt et PS smile
kola 12.04.2007 - 09:04
Eng flott Spiggelung an tiptop kadréiert !
Effektiv ass eréischt seit kuerzem erëm Wasser do dran, an wann se elo och nach den Sprangbuer an d'Beliichtung umachen, dann gin daat flott Nuetsfotoen op der do Plaatz !

Nach eng kleng Korrektur : Daat do ass nët den Pont Adolphe, mee den 'Viaduc' den och nach 'Passerelle' genannt gët smile
Johny 12.04.2007 - 13:04
Stëmmt allerdings, war wuel scho besse spéit wou ech se ropgelueden hun closed_eye
elmuzo 12.04.2007 - 09:23
Spieglein, Spieglein... zua net di schéinste Bréck am ganze Land, mee esou présentéiert ass se jo awer famous erausgebotzt. Wat mer net gefällt ass den viischten Deel, dem Fiels seng Nervuren fehlen mer. Wat mer gutt gefällt ass di Dynamik dis de duerch deng flott Trapezperspektiv erabruecht hues.
Johny 12.04.2007 - 13:21
Mam Fiels hues de effektiv Recht, dee keint bessen mei Muster nach opweisen ... haat ech net direkt gemirkt beim Bearbechten. Merci.
Pelz 12.04.2007 - 18:45
Ha! Ech wosst et! Ech hun Geschter do een gesin stoen eng Foto ze maachen. War do laanscht gefuer! Lo wees ech jo, ween et wor smile
Ganz schein fannen ech!
Johny 12.04.2007 - 23:38
Laanscht gefuer? Velo oder sou?

Eieiei dass een awer emmer erwëscht gëtt bigsmile
Pelz 13.04.2007 - 14:44
Nee mam Auto smile jojo, et ass een neierens mei sëcher smilebigsmile
Rolacro 12.04.2007 - 23:58
Schein geschnappt chef!
Potznenö, virwa gesin ech sou spiggelungen nie!?
Johny 13.04.2007 - 00:05
Daat ass pur Chance ... ech hu se just gesinn well mer do eng kléng Paus gemaach hun smile
annemie 13.04.2007 - 14:05
D'Spigelung an d'Faarwen fannen ech scho mol ganz gudd closed_eye) Dann d'Bléien um Waasser, hätten net missen sin an sin nun eemol do, stéiren lo net sou extreeeem.
Bhen jo...Kranen sinn gudd fort ;D

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 653 Gäscht online