Fir mech kippt d'Photo net. Sie as op de Luchtepotto ausgeriicht, well d'Heiser am Grond beim Waasser aal sin an net 100%teg riicht.
Wann ech en Haus als Referenz geholl hätt wären déi aner trotzdeem schieff, also hun ech mir geduecht, d'Lucht as nach daat waat am riichtsten as.
De Point de vue gefällt mir sou ganz gudd, an den Ausschnett och. An d'Luucht gefällt mir hei och besser, wi a "My Green Town". Et huet een zwar wiirkléch d'Impressioun, datt d'Foto e bessen hippt, mais dat misst een elo op der Plaaz gesin, a wéi wäit di Haiser dorunner schold sin. an a wéi wäit d'Tiirm vun der Kathedral durch d'Krümmung vum Objektiv kromm wiirken. Wat soll ee elo dozou soen? Ech gi jo mol dovun aus, datts du an déngem Sucher d'Gridlines un hues an dech dodrun orientéiert hues. Dofir kënnt dat mir dann och elo liicht chinesesch fir, datt een do sou eng Impressioun vu penchant huet. Ech muss dat mol méi intensiv studéieren, an da melden ech méch nach eemol. Fir elo mol Merci, datts du mir di Foto dédicacéiert hues.
Ech hun d'Foto mol am PS gekuckt an si ass zu 99,9 Prozent riit. Wann en wiirklech misst en Hoer an der Zopp fannen, dann kinnt en se anescht ausriichten me dann ass nes eppes aneschtes wat kromm ausgesäit.
Souvill dozou.
D'Foto u sech ass eng ongewinnten Vue op d'Stad me eng Vue déi gefällt.