hmmm...sutz lo awa schons e bessi do nozedenkn waat daat as...giff son do schleeft een dain bletz/spot-generator keint daat sen?
dHaltung as zimlch onatilisch (kent daat duesch dVerflesseschen odda as se su gknipst?)
op allefall kuhl (an tipisch Maggele) stemmung dran!gefellt!
haltung as wéi se wor. hun mat selbstauslöser geschafft an hun um moment vun der opnahm de generater kuerz gehuewen. ech hun am ganzen sou 5-6 fotoen an deem stil gemach. déi doen hat mer am beschte gefall.
huch...
starrkt stekk...hett ech da joh guernik zougetraut...main selbstauslöser brau 10sekonnen...
domat wieren ma bei enger minutt hiewen...hmmm....eng gudd moyen!
TONNEN IWWER TONNEN nee, éierlech dat doen as dee schwéiere vun deenen zwee. (deen aneren hun ech fir 't blëtzer gebraucht ;D)
kucken mol ob ech ee gewiicht fanne vun deem déngens...
no enger zäitche kënnt de marc mat séngem surfbried zréck an 't kommentar-këschtchen. e schéngt sech op verschiddene säiten ëmgsurft ze hun. lässeg jummt en 't dier zou a geheit säi mantel iwwert déi kleng kommode nierft dem spiggel an der entree a beweegt sech lues bei de computer. ob se nach ob eng äntwert waarden? e léisst sech gläichgülteg a schwéier op säi bürosstull falen an dréckt déi praktesch "aste"-tastekombunatioun!
näischt kënnt!
genervt peekt en sech un 't stier a wëll schon obgin an dee ganzen text hei läschen. mee de marc dach net! hee schreift dach kee meterlangen text fir en dann an den däischteren nirvana vum hexadizimale nonsense ze befördenen. siegesbewosst awer nach emmer e bessi genervt leeft en an 't buedzëmmer wou en sech déi nei woo schnapt! domat leeft e bal zevill séier 't hëlzen trap of bis ganz erof an deen däischtere keller wou en daags an nuetsiwwer séng studioausrüstung versuecht! firt éischt also dee méi liite generater! entsetzen!: genee 11,9kg! rosen awer nodenklech stellt en de generater zréck op 't platz!
-"ween entwéckelt ee generater mat 11,9kg wann 12kg vill méi ronn wieren?" denkt en sech!
den zweete generater -deen e bessi méi schwéier ze si schéngt- léisst en net ze séier op 't woo falen. virsichteg, wéi wann de generater méi schwéier wier wéi de marc selwer leet en en op 't woo a waart op hiert urdeel: 15,5 kg setzt de generater wuertwierdlech op 't woo, ween hätt geduet, dass déi generateren esou schwéier sin. a ween hätt geduet dass ronn gewiichts-wäerter net zu engem professionelle geräte-design vun engem broncolor-produit gehéieren?