Dach, Z! eendeiteg. Probéier mol en Overlay-layer am Ps fier dat bloot méi kräfteg ze maan, vlait souguer richteg donkelblo. Ech well der net soen weis de d'Foto solls maan mee ech fannen e Versuch ass et wärt.
Du duplizéiers dai Layer an dann wiessels de de Blending-mode, dat ass eng Box wous de em dei 20 modes auswiele kanns an dann hells de entweder Multiply, Screen oder am Beschten (mengen ech) Overlay. Dann kanns de nach mat der Opacity vun dengem Overlay-Layer spillen an weider kucken. Normalerweis misst dat d'Strukturen erfierhiewen an och d'Faarwen méi kräfteg maan. Wann der dat nach net genuch ass kanns de zb mat Image-Adjustments-HueSaturation oder Exposure d'Faarwen nach verfeineren. Natierlech kanns de och schon de RAW wesentlech verbesseren andeems de mat der Saturatioun vum Bloe Kanal spills asw...
mhh jo mee haat se mei satureiert...an dann haat ech su ennen riets haat ech shcon baal moof...an souweit wollt ech net graad kommen wollt alles blo....mhh ech wees get keng topfoto mee hun daat heiren bessi witzeg fonnt...