Ech kann mech nëmmen unschléissen. TipTop.
Du hues recht Julien, dëss Versioun as vill besser wéi d'Original. Den Alex haat mir se zum Vergleich gewisen.
D'Westernfeeling kënnt hei ob jidden Fall voll eriwer...
Do hues de vollkommen recht. Dat huet den ChLo och schons gesot.
Ech hat och drun geduecht fir d'Potoen ewechzeman, hun mech ower dofir entsched alles sin ze loossen. Et ass emmerhin 2005, net 1897.
Hei géif et mech nawell interesséieren ops de een 'Lo Maachen Mer Emol Op Aal-Filter' applizéiert hues oder ops de eventuell selwer un den 'Tounpotentiometeren' gedréint hues. Ech hun alt emol der Filteren bei verschiddenen Fotoveruarbechtungsprogrammer begéint, mee, di konnten mech awer ni esou richteg iwerzegen. Deng Beuarbechtung hei, par contre, ass der gutt gelongen... kitt dat den Sujet och wonnerprächteg erausgesicht ass, vir esou eng Geschicht ze probéieren.
Fro mech net wat ech gene gemet hun, déi Foto wollt ech onbedengt op "al" trimmen an hun dat gläichzäiteg mat enger vun denen éischten Entdeckungsresen an der Welt vum Photoshop verbonnen wou ech ganz aleng un all méiglechen Knäpercher eremgespillt hun bis ech dat Resultat éischter zoufälleg produzéiert hat.