Hu mer sou eng geduecht well déi doten Vu hun ech nach net sou gesin. Ech probéieren schons wéilaang eng anstanneg Foto an daer Strooss ze man me bon... dir ass et gelongen. Den Velo ass den Tëpelchen um I, Respekt.
Hues de keng Foto vun den Heiser selwer? Do sin och e puer flott Vu'en.
Ech well och nach e puer mol an deen Eck zeréck. Do ass nach méi Potential. Des Photo ass schon hefteg editéiert, nët nemmen fir S/W, mee ech hun och e puer Kabelen, zwou Dreckskeschten an eng plastiks Plan eraus ge-photoshopped
Waat ech mer gin wënschen wir entweder eng richteg aal Ditti déi do geet oder en klengt Kand wat do spillt, fir de menschlechen touch ...
Ah jo, daat woren nach Zäiten ... Do brauch een nët esou vill ze schleefen, gell? Mee monchmol ass et gudd wann di Geräischer nët op d'Photo kommen ...