OK, ech hun meng eischt Photo emol ferm beaarbecht an dobäi ass daat hei eraus komm.Well et zimlech vill verännert ass hun ech et och an d'Kategorie Digital Art gesaat.
hues du se och am faarweschen ? ... ech vermëssen hei déi schéin blo/giel Téin vun der 1. Foto ...
den méi enken Cadrage ass gutt gin ... besser? ... hmmm ... denken nët, mee aanescht
deen Beemchen do ... ass awer wierklech nët gutt do geplanzt gin ... ... ass bestëmmt express gemach ...
Also et ass déi selwecht Photo wéi di eischt, just retouchéiert fir d'Dräi Eechelen ze zentréieren an riets de Baam ouni Gréngs ewech ze maachen.
De "Beemchen" deen nach do ass wollt ech loossen als liewechen Géigesaatz zu der kaaler Architektur.
Woar Geschter do an deem Eck, fier funn der Renoveierter Festung huet een e puer flott Vueen opp dei 3 Generatiounen Gebeier.
Een flotten Eck, an flott Strukturen , schief, riet, krom, ronn alles waat mier Fotografen esou gären hunn.
Eng flott Foto, och wells de 3 Eechelen an Mett gesaat hues. An den Kran uewen erof geholl hues, +++