Ech hat eng Kéier Fotoë vun engem raschtegen Unhänger kuurz viru Sonnenënnergank fotograféiert (et as esou ee Wallpaper vu mir hei um site), do waren d'Farwen tatsächeléch esou OUNI datt ee huet missen nobehandelen. (fir de WP hun ech et awer gemaach). Dat as schon impressionnant, wann di déif Sonn, mat hirer Roud-Giel-Dominant eng raschteg Plaaz esou ustrahlt.
Gene, do hues de recht me leider kann en net emmer bis owes waarden oder spéidestens dann mierkt en, datt am Westen en Haus hennert.
Mat e bessi ennerbeliichten an mam Wäissoofgläich spillen, kritt en och interessant Lut-Effekter. Dat hun ech an der Läscht sou erausfonnd