dei faarwen sen o nemmen fir ze gefaalen...
usech eng immens foto mee den hellen strich steiert mech relativ villvill...
vlait hessde dech bessi bewegen kennen dass en nik mei mat drop komm wier oder nik mei grad sou ant lach gepasst hett..sou lenkt daat relativ fill oof ant seet een sech se wier besser wan et hannedrun schwarz wier...
Schéin Foto awer ech gin dem BlackPanther recht mat deem groe Strech. Ech giff deen probéieren eweg ze retouschéieren. Ouni deen Strech kennt vill besser zum Viirschäin dass dat ierwecht Steck Rascht onofhängege vum enneschten ass, wat deem ganzen e gudden Opbau get.
Rascht ass eent vun mengen léiwsten Motiver. Do fennt en sämtlech Routtéin an et gin herrlech Fotoen grad op donklem HG. An dem Sënn stéiert den groen Strech effektiv e bessi me sou dramatesch ass dat zwar net.
Allerdengs kanns de den Rascht nach méi , soe mer mol "dramatiséieren" wanns de mat Kontraster an e puer Filteren spills.
Wisou eigentlech 1/1600s bei enger Blend vun 2.9 ?
Merci fier äer Kommentarer, dee groe Strech probéieren ech vläit nach ewechzemaachen, mee mech stéiert en elo net sou immens.
@GrAl: Mat Kontrast a Saturatioun sin ech schon e bessen eropgaangen, wollt et awer net iwwerdreiwen.
Mat der Beliichtungszäit an der Blend hun ech effektiv eng Dommheet gemaach, ech muss wuel iergendwéi ouni et ze mierken eng Falsch Astellung gemaach hun, well mat Blend 8 oder sou wieren d'Borden secher och nach e Krack mi schaarf gin.