Wow....flott!
Hues vollkommen Recht déi do ze weisen,fannen se super schéin,besonnech weint de Faarwen an dem Cadrage.Respekt!
Daat eenzecht waat mech e bësse stéiert,ass dee rieten Horizont ënnen,deen ausgeseit als ging en zur Rum gehéieren,ouni dass ech awer elo wéisst wei ech et ging besser machen..
Jep mee do ass et esou riicht. Dat ass um lateau zweschen Buerglenster Jonglenster an Gonnereng. Vun dem Punkt wou ech d'Foto gemaach hun ass den Horizont esou riicht wei en um Bild ass, an gleew mer ech trauen mech net hei eng Foto eranzestellen, wou den Horizont kromm ass
Thx Pingu, Ech hun den Baam do praktech an allen Variationen...an ech net alleng. Et ass eng sauflott Plaatz wou ronderem alles frai lait. Wann een ob verschiddenen Fotoen genee kukkt, dann gesait een dat et 2 Beem sin dei aneneen gewous sin an net een enzelenen. Saitdem ech an d'Buerg wunnen komm sin, wor ech vun daer Plaatz verzaubert. Den Bamm huet bis elo an ech hoffen nach ganz laang allen Wiederafless getrotzt, dofir "the Baam"
Ass vleicht rem een Sonnen ennergang mee et ass keen einfachen Flott Struktur vum Himmel, schein Faarwen immens flott opgebaut ! Mir gefällt se ganz gutt
Hey, Paukl ... do lungs de awer op der Lauer ... du hues hei gudd un der Dramaturgie vun denger Prise geschafft an hues et doduerch fäerdeg bruet den an teschenzäit lo awer wierklech famousen Baam nach eng Kéier mat dengem ganz perséinlechen Touch ze weisen. Gutt gelongen.
Also ob der Lauer luech ech awer dann net Ech sollt eigentlech just bei meng Elteren heem iessen goen an wei ech den Himmel um Biergerbierg gesin hun, wor et eigentlech kloer dat ech ze speit geing kommen Sie hun mer awer verzien, wei se d'Foto gesin hun. Also ech fannen dat den Baam ni langweileg get egal ob ganz klasseg oder eben esou. Thx Emulzo