Se erfëllt déi Haaptkritèren déi ech un Sportfotoën stellen:
- se ass do scharf wou se muss scharf sin
- et geseit een de (Fieder)ball, also den zentralen Objet vun der Sportart
- et geseit een d'Gesiicht
An deem Sënn ass d'Foto fir mech ganz ok. (Ech sin net sonderlech zefridden mat mengen eegenen Fotoën vun deem Daag (daat do war jo virun bessen iwert engem Mount zu Jonglënster, oder?), et wier mol interessant vun méi Leit Sportfotoën ze gesin fir dass een besser vergleichen an léieren kann.)
Meng eenzeg Kritik wier, wanns de fréien Choix vum Bildverhältnis hues (also et ness muss 2:3 sin), dann giff ech lénks bessen wegcroppen.
hmmm...also CK trefft su zimlch all punkt wou ze treffen as!
se as an da rai an den gesiichtsausdrokk mecht se sugur nach 'ganzok'
dass keen sech fir sportsfotoen intresseiert lait dorun dass et immens schweier as se scharf AN intressant ze gestalten...den stuerz beim hürdenlaaf(wees lo nik mei ween den ropgelueden hott)as zum beispill 'eng mei lass' an dei foto as intressant...mee anrer wou een just een cyclocrossfuere gesait iwat dLinn rennen as usech naischt 'extraes' dabai sou dass dann do o keen eps seet...
hai as ebn o usech naischt extraes dabai....en sprog agefaang oder en heschtsprong odersou an se giff mei intressant gin...eenecht waat dann alt gudd as as dExpressiou um gesiicht.....;o) (hui...wei daat klengt...as nik beiss gmengt.....)
jep...hun daat o schons rausfont... an oft kent nach dabai dass dLiichtverhältnisser meeschtens ZIMLECH schlecht sen...
du hess na kennen mam ISO eng stuf rop an wan et dann zefill rauscht mam Neat schaffen...
mengn awa dass ech schons mei onscharfer gesin hun...
Also Ech sinn keen Expert a Sportsfotoën, soën awer trotzdem emol eppes zu denger Foto.
D'Haaptpunkten huet den CK schons opgezielt .
Du huess d'Spillerin hei voll an d'Mëtt geholl. Et wier vu Fierdeel wanns'te se no lenks dezentréiert hess, datt de Bléck an déi Richtung op ass, wou d'Aktioun stattfënd.
Waat och ë bëssen stéiert ass déi grouss Déifteschärft, ë systembedingten Nodeel vun denen Apparaten matt klengem Chip.
Waat hei jo interesséiert, a gutt festgehaal ginn ass, ass déi konzentréiert Aktioun vun der Spillerin dobai fällt de Bléck awer automatësch op d'Reklameschëld vum Kayser, dofir matt PS den Hannergrond flou maachen.
Well d’Aktioun relativ schnell ofleeft, ass et och vlaicht interessant Serienopnahmen ze maachen fir de beschte Moment an der Serie ze erwëschen.
Dain Opnahmwënkel vun ënnen erop fannen Ech gudd, ën ënnerstëtzt Dynamik am Bild.
Es ist einfach " Badminton " Fotos zu kritisieren,mann sollte selber mahl versuchen !!
bei einem guten Badminton Foto sollte immer Ball Netz Schäger immer zu sehen sein.
Aber einfach ist das nicht !!!