Natirlech waren Wolleken am Himmel an zweschen 2 Wolleken hun ech schnell eng Photo missen Maachen, ech hoffen aaner Leit haaten mei Chance wei ech, hei mäin Bäitrach...
Salut!
Jo, ech mengen ech hat mei chance mam Wieder, hei zu Esch/Sauer war keng wollek um Himmel.
Mee deng Faarwe gefaalen mer zwar, krut dat net hin, fir lo de Mound sou ze knippsen weis du en lo hei huss.... Vun dohier ass des Foto schon net schlecht. War relativ zum Schluss wei de Mound baal ganz verschwonn war, oder?
Jop, war ganz am Schluss, du häss einfach nemmen Beliichtung op 2-3 Sec stellen an schon ass en Roud... hun mer elo grad erklären gelos ech hätt den IS ausmaachensollen... deen huet den Mound verwackelt!
Hmm, dat matt der laanger beliichtungzait ass sou eng saach... Do senn meng fotoen all verwackelt... Doweinst hat ech lo net weider probeiert, well de stativ stung och net ganz gudd.
Dat senn dann sou Momenter, wou ech mer soen: Häss de nemmen eng Pentax matt Shake reduction oder en Tele matt shake reduction....
LOL, jo dann... (Matt deene ganzen Oofkierzungen blecken ech net duerch... Pentax nennt et SR, Nikon VR, an Canon jo dann IS...
Mee ech hat meng cam jo um stativ stoen, an matt 300mm ass dei klengste bewegung jo scho fatal, doweinst senn meng matt laanger beliichtungszeit all verwackelt, scho leng wann ech den Ausleiser gedreckt hun... Doweinst hun ech geduercht, sou een IS/VR/SR wirr do eng Hëllef.
Ech haat meng och um Stativ Stoen, mee den IS deet d'Stativ wackelen, weinst dem Motor deen do sech bewegt, an bei 3 Sec Verschlusszäit schallt den Motor aus no 1-2Sec an dann wackelt d'Stativ. Den IS ass just gudd fir kuerz Verschlusszäiten vun +- 1/100.
Hmm, dat ass awer blöd... Well bei kuerze verschlusszeiten brauch ech am Fong keen IS/VR...
Lo senn ech awer enttäuscht... Hu geduercht, den Shake Reduction wirr eppes richteg praktesches bei Verschlusszeiten vun 1/60, 1/30, 1 sekonn, asw. Tjo, et leiert een emmer eppes bei. Da senn ech frou datt ech mer dei Sue gespuert hun.
Op den Is daat ganzt na bessne un d'Wackele brengt wees ech net, mee waat mei schlemm ass: den IS ass nie inaktiv, d.h. e beweegt sech. an um Stativ probeiert en dann Bewegungen ze korrigeiren dei net do sinn -> onschärft.
Mee wann een freihänneg knippst, dann meisst do jo awer kee problem bei Zeiten wei 1/60 oder 1/30 senn? Natierlech och freihänneg matt verschlusszeiten iwwert 1 sekonn netzt den IS net vill. Giff ech mol soen.
Et soll een de Mound ganz kuerz beliichten, awer net bei enger Moundfinsterniss, soss gesin d'Photoen wei dem AppleEric seng aus. Soss ginn ech der awer bei allen Recht.
Also, wann de Mound ganz verdeckt ass, dann muss een jo baal eng laang beliichtungzait huelen, soss gett dat naischt. (Wei ech gescht gesin hun) Wat meng Fotoe betrefft, do hat ech eng Bellichtungzait vun 1/125-1/400 geholl matt Blend 10.