Effektiv passt den Gameboy nët an dës Kompositioun, an dass den Effekt besser gëtt wann hien all Kéier aanescht ugedoen wär ass mir herno eréischt agefall.
Mee wéi gesoot et war mein eischten Versuch, an et ass mir dës Kéier emol haaptsächlech ëm d'Technik gaangen.
Fir däin éischten Versuch: Chapeau
Ganz flott Kompositioun!
Et mescht immens fill Spaass soueppes ze maachen, mengen ech versichen mech och mol rem domadd
Immens objiddefall!
Hues de eigentlech nemmen frontal geblëtzt? Oder iwwerhaapt?
Majo ech haat mir virdrun deng Foto ugekuckt, an do gesin dass du geblëtzt hues. Well ech mir daat mam blëtzen e bëschen méi komplizéiert virstellen, hun ech daat évitéiert andem ech daat ganzt Geschiir hannert d'Haus op d'Terrass geschleeft hun wou dunn genuch Luucht war
Ech kennen nix vun PS... mee ech fannen dei hei richteg gelong!
Wann ech mer elo viirstellen deen mam game-boy waer net do, dann as awer zimlech eidel dei sait... dann geng ech probéiren deem och iergendeng Percussioun ze gin, dass et an d'Kompositioun passt Soss ass deen jo entweder onaktiv oder net do...o0...
Eppes as mer allerdings nach opgefall: waat mecht deen wu beim Hi-hat steet? (vum drummer aus gesin lenks)... well deen hält se jo zesummen an mecht d'Pedal...o0 Mee daat stéiert awer naischt un der Foto.
Hehe....ech hun deng Fünflingen-Foto nawell dacks gekukkt...dofir as mer eps agefall op alle fall tiptop gemaach!!!
eischten versuch --> dann mes de dee'er Fotoen jo bestemt nach *freu*