Fannen dei Foto huet eppes Blummenfotoen sin emmer sou eppes... mais dei heiten fannen ech ganz flott. Daat eenzegt waat mech bessen steiert as dass ennen d'Rous oofgeschnidden as.. hätt se wirklech bis just un d'Enn vun der Blei (Blüte --> wei nennt een daat op letz?? :S) probeiert drop ze kreien an och un der rietzer (vun mer aus gesin ) Seit.
Jo as Bléih op lëtzeboiesch ech hun och eng foto wou d blumm net ennen a riets oofgeschnidden as, mee dei dooten huet mer iergentwei besser gefall, ech kann dei aaner jo ropluerden. ech hun nach eng aaner foto, dei as total aanescht cadreiert, ech luerden der d fotoen einfach eng keier op meng hp erop gin der dann de link!
dei hei Foto as op jidferfall besser wei dei firdrun!!! Mir gefällt se richteg gudd, zumols den zentrum vun der Rous, well do nach den weissen schimmer un den spetzten vun den Bleien as!!! Wei meng Firgengerin och schon soot, as schued dass ennen an riets besen vun der Blei ofgeschnidden gin as!
okay, jo dei aaner as fleit ebessen ze deischter, mee wolt hier eppes geheimnisvolles gin meng luuchtquell waar d sonn dei zuer fenster ragefall as, war deck schein, dofier as halt daat entstaanen mat dem schimmer
looool deen Saatz mat der kritik ass einfach super daat soen ech mer baal emmer wann ech eng Foto roblueden
Majoooo also dann fänken mer mol un
also weis de se geknippst hues fannen ech gut mee d'farwen fannen ech net sou flott, hues de flait am ps bessen nogehollef? oder beim Kontrast?
Well d'Farwen vun der aanerer Rous gefahlen mer besser, just bei der aanerer Foto ass et schued dass gring drop ass mee daat ass affaire de goût kritt een jo och einfach weg gemach.
Hmm iegentwei ass den Schnat och sou komeg rietz an ennen ass oofgeschnidden an uewen net dann geing ech se rietz nach mei oofschneiden... oder eng Rumm man, wees lo net waat besser wier mee et ass schued dass se net ganz drop ass :(
Dei aaner Foto gefällt mer besser just flait waat e bessen steiert sin 2 kleng waiss Punkten an eben daat gringt wanns de lo daat Blaat an den Still geings wegretoucheieren geing d'Blumm schwiewen (fannen dat eigentlech ganz flott)
Heyho! Also maer gefällt di Foto gudd!! Zumools d'Beliichtung vun der Rous an d'Mët vun der Bléi. Just daat oofgeschniddent ass halt schued. Riets stéiert et mech net dermoossen, just ënen doduerch dass uewen nach sputt ass an enen oofgeschnidden......
mee soss tiptop.
an ech hoffen nawell dass et net dei lescht eropgelueden waert sin ))