Interessant Foto! Där focusséierter Drëpsen déi an der Luucht gefruer sin kann ech der nie genuch kréien. E bëssen Schued, dass déi Drëpsen baussen um Glas net och schaarf sin, mee kann een wuel och net all Detail schaarf kréien.
Eng Foto vun enger Drauw, déi ech awer mol obedengt hei wëll gesin, as déi Folgend:
-huel eng Drauw
-schneid se op, awer sou dass nach een klengt Stéck Haut an ganz bëssen Fruuchtfleesch déi 2 Halschenten verbënnt
-lee se mat der opgeschniddener Säit no ënnen an eng Mikrowell mat kloerer Glaas-scheiw
-schalt d'Mikrowell an, an maach no etwa 2 Sekonnen eng Foto...
-widerhuel de Projet bis du eng gelongen Foto hinkriss
-post se hei!
P.S.: Ech iwwerhuelen a kenger Verantwortung dofir, wann Leit deen Virschlaag nomaachen wëllen. Och nët wann Leit 5€ Schäiner an d'Mikrowell leen fir ze kucken op do wierklech en RFID Chip dran as. Mikrowellen sin KENG Spillsaachen!
@ Syacelion
1. merci fier den Tip , mee den problem ech hun keng Microwel, waat geschid dan do ?? willt daat gaeren wessen ,mee wel ech keng hun ,kan ech daat jo net maachen muss de verstoen !
kann een daat dannet iergent weu anescht maachen ???
OK, daat as lo wierklech off-topic, mee du wollts et jo anscheinend wëssen:
Wanns du e Geldschäin an d'Mikrowell lees, get et eng Miniexplosioun, an du hues hano an der Mëtt vum Schäin en 3x2mm grouss Lach. Normalerweis stéiert dat awer keen, wanns du mat deem bezills. D'Experiment war, fir rauszefannen, op do effektiv schon RFID Chips dran sin, sou wéi d'EU daat emol iergend wann geplangt haat. D'Iddi wär, dass en minimal klengen Chip um Schäin d'Seriennummer vum Schäin späichert, an se iwwer eng Antenne kéint aussenden wann eng Kontrollstatioun an engem Geschäft oder enger Bank dono freet. An der Theorie géif daat de Schäin méi fälschungssëcher maan. Och géif et engem erlaaben, Geldschäiner nozeverfolgen. Best case scenario: Bankiwwerfäll/Kidnapping mat Erpressung/etc wann daat geklauten/erpressten Geld rëm am Handel optaucht, kann een et noverfolgen. Worst case scenario: Pappa Staat kann kontrolléieren waats du mat dengem Geld mëchs, mat Méiglechkeeten zum Mëssbrauch vun där Informatiouns- a Kontrollméiglechkeet. Fro Google no Euro oder Dollar an RFID Chips, get masseg Verschwörungstheoretiker an den USA zemols déi absolut drop flippen.
Waat d'Experiment mam Geldschäin an der Mikrowell beweist, as, dass do ënner Pobéier eppes as mat enger méi héiger Densitéit, héchstwahrscheinlech metallesch. Ob daat awer lo d'Antenn vun engem Chip as, den Chip selwer, oder aawer, soss en Stéck Folie deen als regulär Echtheetsmierkmol dran as, daat as domat net ze beweisen. Mee et as awer en dekadenten Party-Trick, wanns du Geldschäiner explodéieren kanns loossen an Verschwörungstheorien dozou ofloossen kanns. Ween daat brauch... :-P
Wanns du eng Drauw net ganz duerchschneids an mat dem Schnatt no ënnen an d'Mikrowell lees, dann verursaacht d'Strahlung an Erhëtzung vun der Drauw, souwéisou d'Evaporiséierung vun Waasser, en massiven Flux un Elektronen an der Drauw; iergend wann wëllen beemol souvill Elektronen vun enger Säit op déi aaner, dass déi kleng Hautfatz an der Mëtt einfach net genuch Duerchlooss gewäert, an dann huelen de Groussdeel vun eisen léiwen klengen ongedëllegen knuddelegen Elektronen alt mol spontan eng Ofkierzung, an dann schléit e Blëtz vun enger Halschent vun der Drauw an déi aaner. Hui!
Wéi gesoot, maacht daat w.e.g. nët einfach sou aus Dommheet doheem no. An wann, dann baut eng Kamera virdrunner op!
Ech wäert jo hoffentlech net mussen extra betouhnen, dass d'Kamera nët mat an d'Mikrowell soll, an d'Dier vun der Mikrowell während dem Betrieb onbedéngt zou muss bleiwen...!
Bis op e puer Ausnahmen gehéiert keen Metall an eng Mikrowell. Mikrowellen sin keng Spillsaachen, mee eng exzellent Method fir Iessen waarm ze maachen.
This has been a public service announcement...