Muss eierlesch soen,deng Spillerreien mat der Luucht fannen ech emmer rem flott , do kann een sech erem dofunner iwerzzegen waat een mat e puer Mettelen kann maachen !
Zu der Foto , sie kennt ganz agressiv eriwer , sie huet een ganz expressiven äusdrock , wann den mond opsteet , deiPickeg Frisur an an an ....
Ech wees elo net ops de uewen neischt un haas , mee et kennt emol esou riwer , wirkt heldenhaft , like , kämpfen, obenohne , muskelen ( ech mengen du wees waat ech mengen
Et as eng gail Action am Bild , an sie huet och eng gehiiiirrlos Power .
Fazit : Foto as gudd
D'Photo dreckt effektif Stärkt aus...wi wannste beis Absichten häss...em epes kämpfen geifs waat dech geholl gouff, an wuriwerste roosen bass...wi en leif deen voller Haas an Wut as.
Den Hannergrond as immenz schein. Zu der persoun am Fiergrond... engerseits as et gudd datt en uewen neicht unhuet, soss wier d'Photo verduewen, mee ech froen mech op et net besser wier wei wann daat ganzt eng Sillhouette wier? Doofir breichste dann aawer erem den Photoshop... Ech geng soen d'Photo wier da gudd gelongen!
Eng Liichtmolerei wei se mir ganz gudd gefaellt!
Wiirklech eng kreativ Iddi, gudd emgesaat an Ausdrockstaark!
Mech steiert just e bessi dat deng(?) Nues sech e bessi verduebelt huet...mee daat war wuer net ze vermeiden...De liichte Bewegungseffekt am Uerwekierper dergeint steiert mech iwwerhaapt net, dee fannen ech souguer ganz passend!
d'Struktur vun de "Flaame" fannen ech och an deem Ierweschten Deel e bessi besser gerooden, well se do mei "zackeg" sin an ennen eischter mei Kompakt, daat gefaellt mer do net sou gudd... mee och do ass et schweier daat sou hinzekreien